A wéinegen Deeg stinn zu Lëtzebuerg erëm d’Chrëschtdeeg virun der Dier. An Europa an Nordamerika ginn dës Feierdeeg traditionell genotzt, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen. Well politesch Uléien an dëser Zäit tendenziell aus dem gesellschaftleche Fokus réckelen an och d’Politiker selwer sech wärend dësen Deeg op hiert Familljeliewe konzentréieren, ginn dës Feierdeeg vu verschiddene Staate leider gäre genotzt, fir ëmstridden Urteeler ouni d’Opmierksamkeet vun de westleche Länner auszeschwätzen. Sou goufe beispillsweis am Joer 2017 um 25. Dezember direkt 6 Persounen vum héije Militärgeriicht vu Bahrain zum Doud verurteelt.Insgesamt steet d’Strofverfolgung an den Traitement vun Inhaftéierten am Bahrain an de leschte Jore vu Säite vu Mënscherechtsorganisatioune staark an der Kritik. 2018 an 2019 goufen a just 5 Masseverhandlungen iwwert 500 Persoune verurteelt a liewenslänglech Prisongsstrofen, d’Verléiere vun der Staatsbiergerschaft a leider och d’Doudesstrof wéinst net toleréierte politeschen Demonstratiounen oder Aktivitéiten si bei dësen Urteeler leider keng Seelenheet gewiescht. Och eng Rei Europadeputéierten hunn an engem Bréif un den Ambassadeur vun der European Union Delegation to the Kingdom of Saudi Arabia, the Kingdom of Bahrain and the Sultanate of Oman den 21. November 2019 hier bedenke vis-à-vis zum Traitement vun den Inhaftéierten am Bahrain ausgeschwat, opgrond vu Fäll vun Deprivatioune vu medezinescher Hëllef, vu Folter a vu Mësshandlungen.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Aussenugeleeënheeten an Europa dës Froe gestallt:
- Ass de Minister um Courant vun der aktueller Situatioun am Bahrain?
- Huet de Minister Kenntnis vun ustoenden Verhandlungen, déi vir d’Chrëchtzäit am Bahrain virgesinn sinn?
- Gëtt et säit de Verurteelunge vun 2017 eng verstäerkt Opmierksamkeet op EU-Niveau, mee och op Säite vu Lëtzebuerg, wärend de Feierdeeg vis-à-vis zu ëmstriddene Geriichtsverhandlungen am Ausland?
- Huet de Minister an der jonker Vergaangenheet seng Mëssbëllegung vis-à-vis zu de Mënscherechtsverletzungen an den Exekutiounen zum Ausdrock bruecht an/oder probéiert Afloss op déi aktuell Situatioun am Bahrain ze huelen? Falls jo: Op wéi eng Aart a Wéis?