gerecht
Léisunge
fir d'Useldéng

Matenee fir eng Stad fir jiddereen

Mir sinn iwwerzeegt, datt mir all zesummen vill gutt Iddie fir Useldéng hunn. 

Mir wëlle mat Iech zesummen Bestoendes kritesch hannerfroen a verbesseren a nei Iddien a Konzepter ëmsetzen.

D‘Pirate stinn fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz an der Politik… och a grad an Eiser Gemeng ! Jidderee soll kënne matentscheede wéi, wéi vill a wou Useldeng wuesse sollt, wéi eng Infrastrukture mir brauchen a wou soss nach de Schong dréckt. 

Eise Gemengeconseiller

Foto vum Starsky FLOR - Kandidat fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN zu Useldéng

Starsky FLOR

Agent CFL

Ahoi dir léif Matbierger. Fir déi di mech nach net kennen ech sinn de Starsky Flor a wunnen an der schéiner Useldenger Gemeng.
 
Als Gewerkschaftler a Conseiller hunn ech Erfarunge gesammelt a weess och wat et heescht matzebestëmmen a matzegestalten. Déi flott Erfarunge wéilt ech hei och gären deelen. Als 41 Jore jonke Papp vu 4 Kanner (3 Prinzessinnen a 1 Prënz) a bestuet weess ech dass Famill wichteg ass an eiser Gesellschaft.
 
Ech sinn e Mënsch mat engem Häerz fir d’Gemeng an hir Awunner. Ech si bereet op déi nei Challenge, déi virun eis stinn an hoffen, dass Dir mir eng Chance gitt, fir zesumme fir d’Gemeng ze schaffen. Ech setze mech fir Leit  an, well et mir wichteg ass, dass kee vergiess soll ginn. Moto fueren, Vëlofueren a Spadséier goe gehéieren zu menge léifste Fräizäitaktivitéiten. Ech sinn der Meenung, dass et wichteg ass, d’Liewensqualitéit vum Bierger ze verbesseren, a besonnesch déi vun deenen, déi manner privilegiéiert oder manner Gléck hunn am Liewen. Mir ass et wichteg, den Zesummenhalt an der Gemeng ze stäerken an d’Vilfalt vum Veräinsliewen ze ënnerstëtzen. Et ass wichteg, zukunftsorientéiert a gerecht Léisungen ze fannen. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass wann et de Leit gutt geet, da geet et mir och gutt.
 

Eise Walprogramm

Kontakt

Aktuelles

100 Gemengen existéieren zu Lëtzebuerg. 100 Gemenge mat 100 verschiddene Gemengereglementer. D’Hëtztwell vun dëser huet erëm gewisen, dass et fir d’Bierger:innen net iwwersiichtlech ass,
Leit, déi ee verletzten Déier fannen, kënnen dëst an eng Déierestatioun bréngen, wou d’Déier op der Plaz ka gehollef kréien. An de Statioune sinn
Gemengemandatairen – dat sinn d’Gemengeconseilleren, d’Schäffen an d’Buergermeeschteren – kréien ee Congé politique, fir hiert demokratescht Mandat kënnen z’erfëllen. Dëst op Basis vum modifizéierte
Mam Summerufank stinn déi nächst Hëtztwelle virun der Dier. Vill Leit ënnerschätzen d’Risiken vun den extreem héijen Temperaturen, grad fir eis Déieren. Et goufen
Fir Wäin hierzestellen, gëtt, einfach a knapp gesot, den Zocker am Drauwemost fermentéiert. Wat méi Zocker an der Drauf ass, wat henno méi Alkohol
Wéi RTL.lu an engem häitegen Artikel beriicht, soll ee Gemengeconseiller aus der Gemeng Käl/Téiteng engem Gemengebeamten aus der nämmlechter Gemeng per Bréif opgefuerdert hunn,
D’Regierung Frieden huet een Observatoire de la mobilité erschaf, dee massiv wäert d’Donnéeën vun de Leit asammelen a späicheren. Eng rieseg Datebank, wou d’Leit
An engem Facebook-Post huet de Mobilitéitsministere Werbung iwwert eng Visite vun der Ministesch bei der Firma LUXUAV gemaach. Am Post informéiert de Ministère och,
Een Artikel vum 19te Juni op reporter.lu beriicht iwwert eng Geriichtsaffär an deem ee Staatsbeamten aus dem Steierbüro zu Péiteng wéinst “prise illégale d’intérêts”
D’Hotelschoul wäert ee weidere Campus am GridX zu Wickreng opmaachen: “L’École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg ouvrira dès septembre 2025 dans la structure
D’Pensiounsreform war wärend de Walen 2023 keen Thema, mat dem d’Parteien am Walkampf informéiert haten, wat se wéilte maachen. Dëst am Géigesaz zur Steierreform,