Motioun fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Context:Gesetzesprojet 7569 iwwert d’Juegdkonventioun D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: D’Déiereschutzorganisatioun PETA entkräft op hierer Website eng ganz Parti vun Argumenter, déi ëmmer ërem vu Juegtënnerstëtzer virbruecht ginn, fir d’Bäibehale vun der Klappjuegd ze legitiméieren (Source: https://www.peta.de/themen/jagdirrtuemer/). D’Diskussiounen rondërem d’Thema Juegd weisen, dass et net nëmmen eng eenzeg Léisung fir Read more…

Motioun fir ee Stopp vun Atomstroum zu Lëtzebuerg

Context:Gesetzesprojet 7649 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: D’Ministere fir Wirtschaft an Energie hunn an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1358 vum 18ten Oktober 2019 Folgendes geäntwert: “Ouni dass e Fournisseur […] spezifesch Atomstroum oder Stroum aus fossillen Energien akeeft, kritt hien automatesch fir den net identifizéierte Stroum dëse “mix résiduel” Read more…

SMS-Invitatiounen fir ugefaangen Impfdosen

Context:Gesetzesprojet 7784 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: D’Santésministesch an de Premierminister hunn an enger parlamentarescher Fro (n°3814) ze erkenne ginn, dass et virkënnt, dass ugefaange Flaconen an den Impfzenter um Schluss vum Dag iwwereg bleiwen ; Aus der Äntwert geet och ervir, dass déi momentan Prozedur esou ass, dass d’Responsabel aus dem Impfzenter an Read more…

Motioun fir Strofe fir Impfdrängler

Context:Gesetzesprojet 7784 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: dass d’Unzuel u verfügbaren Dosisse vun de Covid-19-Vaccinen zu Lëtzebuerg am Moment nach limitéiert ass ; dass Fäll zu Lëtzebuerg opgetruede sinn, bei deene Persoune fréizäiteg geimpft goufen ; dass de Gesondheetsministère een Impfplang virgeluecht huet an och déi betraffen Institutiounen a Persounen iwwert dësen informéiert huet ; dass de Gesondheetsministère mam Conseil Read more…

Privat Sécherheetsfirmen si keng Police

Kontext:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum D’Deputéiertechamber stellt fest: dass e Kontrakt tëscht enger Gemeng an enger privater Sécherheetsfirma, dee virgesäit, dass am ëffentleche Raum solle Patrulle gemaach ginn, net vum Gesetz vun 2002 iwwer de Gardiennage ofgedeckt ass; dass et an engem gemeinsame Pressecommuniqué vum 25.Januar vun der Read more…

Motioun fir méi Ennerstëtzung vu Streetworker

Context:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum D’Deputéiertechamber stellt fest: Dass 2020, 18,3% vun der Bevëlkerung engem Aarmutsrisiko ausgesat waren, ee Prozentsaz dee säit 2011 an d’Luucht gaangen ass ; D’Regierung 2013 eng Strategie géint Obdachlosegkeet virgestallt huet. Zu dëser huet och d’Abannung vu Streetworker vun der Asbl Inter-actions an d’Para-Chute Projeten zu Esch Read more…

D’Pirate fuerderen dezentral Strukture fir drogenofhängege Persounen ze hëllefen

Kontext: Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum D’Deputéiertechamber stellt fest: dass d’Stratégie nationale en matière d’addictions et plan d’action gouvernemental 2020–2024 en matière de drogues d’acquisition illicite et de leurs corollaires virgesäit d’ “étendre la disponibilité, l’accessibilité et la couverture d’un traitement efficace et diversifié de la toxicomanie, Read more…

Ënnerstëtzung vun der Analyse vun de Sécherheets-Kontakter vum Justizministère

Context:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: D’Justizministesch an de Minister fir bannenzeg Sécherheet an der parlamentarescher Fro n°3574 erkläert hunn: “De Justizministère huet am Kader vun der Ausübung vu senge Missioune laut dem Gesetz vum 12ten November 2002 gefrot Asiicht an d’Dokumentatioun Read more…