D’Leit an den Altersheemer net duerch den Index bestrofen

Context:

Gesetzesprojet 8114 iwwert d’Hëllefen fir d’Präisser an de Fleegeheemer

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Gesetz vum 23ten August 2023 reegelt d’Qualitéit vun den Alters- a Fleegeheemer a soll eisen eelere Matbierger:innen ee flotte Liewensofschnëtt a beschtméiglechster Liewensqualitéit garantéieren; 
  • Net jidderee kann sech awer eng Plaz an engem Fleegeheem leeschten an dofir hëlleft de Staat iwwert de Fonds National de la Solidarité deene Leit, déi eng finanziell Hëllef brauchen; 
  • D’Präisser vun den Zëmmeren an de Servicer sinn a ville Fleegeheemer un den Index gebonnen, esou dass bei all Indextranche integral d’Präisser vum Zëmmer erop ginn a fir vill Leit, déi elo schonn um Existenzminimum liewen, weider an d’Luucht ginn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Indexéierung vun de Präisser an de Fleegeheemer esou auszeriichten, dass se net fir de gesamte Präis gräift. 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt