Finanzement vum Projet Alpha

Context:

8587 Alphabetiséierung op Franséich

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Projet de loi 8587 ass e Projet deen op national ausgeluechten Iwwerleeungen opbaut, an net vun enger Gemeng initiéiert ginn ass.
  • Et bestinn Ënnerscheeder wat déi staatlech finanziell Ënnerstëtzung vum Bau vun Europaschoulen a vum Bau vu klassesche Schoulen an eise Gemengen ugeet.  
  • De Projet de loi 8587 wäert fir d’Gemengen extraordinär Käschte mat sech bréngen, besonnesch am Kader vun der Upassung vun der existenter Struktur an de mënschleche Ressourcen. 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. De Staat soll déi zousätzlech Käschten, déi fir d’Gemengen am Kader vun dem Projet de loi 8587 entstinn a kloer kënnen zougeuerdent ginn, integral iwwerhuelen. 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene