Méi Investitiounen an de staatleche Wunnengsbau

D’Regierung wäert déi nächst 4 Joer 180 Milliounen an de Filmfong investéieren. Mir Piraten fannen, dass dann och 180 Milliounen weider sollen investéiert ginn, fir de staatleche Wunnengsbau weider unzekurbelen.

Kontext:

Aktualitéitsstonn zum Mietmarché an de Schwieregkeete vun de Locatairen

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass se de Wunnengspark vum Staat a vun de Gemengen wëll weider ausbauen ;
  • D’Rapporte vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass zu Lëtzebuerg nach ronn 4.000 Hektar Land fir de Wunnengsbau kënne genotzt ginn an dovunner iwwer 500 Hektar am Besëtz vum Staat an de Gemenge sinn ; 
  • Den duerchschnëttleche Baupräis bei der SNHBM pro Quadratmeter loung 2023 bei ronn 5.300€/m2 (Äntwert QP n°390) an de Staat huet am Joer 2024 ronn 126 Milliounen Euro fir 208 Wunnenge bezuelt, also zu engem Duerchschnëttspräis vu 600.000€ (Äntwert QP n°2102).
  • De Wunnengsbau ass eng Prioritéit vun héchstem nationalen Interessi an all Euro, dee mer hei dran investéieren, kënnt de Leit an der Wirtschaft hei am Land zegutt ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. ee Spezialfong vun 180 Milliounen opzemaachen, woumadder mindestens 400 weider Wunnengen (30.000 Quadratmeter) kéinte gebaut oder 300 Wunnengen iwwert de VEFA-Programm kéinte kaf ginn.

CHD

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene