ACCOUNT

Energieeffizienz – Wéi vill Solarzelle ginn et op staatleche Gebaier?

Solar panels on the roof of a house, producing electricity

Am Kader vum Kampf géint de Klimawandel an och en Vue vun engem generelle Spuere vu Stroum a Ressourcen gi Privatleit ugehalen, fir ëmmer méi ökologesch ze bauen an dofir ginn de Leit och eng ganz Rei Servicer offréiert. De Staat selwer ass awer och Locataire a Proprietär vu ville Gebaier an Infrastrukturen a muss… Continue reading Energieeffizienz – Wéi vill Solarzelle ginn et op staatleche Gebaier?

Gestion par objectifs – Wien huet kee Plang?

Directly above view of busy colleagues in formalwear standing at table with chart documents and devices and setting up new goals while planning work at meeting in office.

Déi sougenannten “Gestion par objectifs” soll et Verwaltungen a Servicer vum Staat erlaben, hir Aarbecht méi effikass a strukturéiert ze gestalten, an den Agenten e Kader setzen, an deem si hir eege Progressioun kënne moossen. Dës Initiativ setzt ënnert anerem d’Ausschaffe vun Aarbechtsprogrammer viraus, déi vun all Service, Verwaltung a Ministère opgestallt an uschléissend vun… Continue reading Gestion par objectifs – Wien huet kee Plang?

Microsoft a GDPR: Ze vill User-Date gi gespäichert

Beautiful young businesswoman with computer in her office, sitting at the desk, working and drinking coffee.

Den 20. Dezember 2018 gouf an Holland d’Parlament vun der Regierung doriwwer informéiert, datt d’Produite vu Microsoft, déi op villen Aarbechtsplaze vum hollännesche Staat agesat ginn, onnéideg vill Date gesammelt a gespäichert hunn an domadder géint d’Rechter, déi de GDPR virgesäit, verstouss hunn. Betraff si Computere mat Windows 10 Enterprise, Office 365 ProPlus, Office Online… Continue reading Microsoft a GDPR: Ze vill User-Date gi gespäichert