Energieeffizienz – Wéi vill Solarzelle ginn et op staatleche Gebaier?

Published by Piraten on

Am Kader vum Kampf géint de Klimawandel an och en Vue vun engem generelle Spuere vu Stroum a Ressourcen gi Privatleit ugehalen, fir ëmmer méi ökologesch ze bauen an dofir ginn de Leit och eng ganz Rei Servicer offréiert. De Staat selwer ass awer och Locataire a Proprietär vu ville Gebaier an Infrastrukturen a muss sech esou och selwer d’Fro stellen, wat fir Mesuren an den eegene Büroen dem Klima an der Ressourcëschounung zegutt komme kéinten.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Ëffentlech Aarbechten dës Froe gestallt:

  • Opgeschlësselt no Energie- a Wärmeeffizienzklass vun hirem Energiepass, wéi vill Gebaier besëtzen de Staat, seng Verwaltungen an d’Etablissements publics an absoluten Termen an a Quadratmeter ausgedréckt?
  • Wéi vill Prozent vun de Gebaier, déi de Staat besëtzt, hunn solarthermesch Installatiounen?
  • Wéi vill Prozent vun de Gebaier, déi de Staat besëtzt, hunn eng Photovoltaik-Anlag um Daach?
  • Op wei vill Quadratmeter Surface kënnt Photovoltaik op staatleche Gebaier zum Asaz a wéi vill Energie (a kWh) gouf esou pro Joer säit 2009  generéiert? 
  • Wéi vill Potenzial besteet nach fir Photovoltaikanlagen op staatleche Gebaier ze installéieren? Wei vill Quadratmeter Surface kommen a Fro a wéi vill Energie kéint zousätzlech produzéiert ginn?
  • Wéi vill Energie (a kWh) verbrauchen d’Gebaier, déi am Besëtz vum Staat sinn, pro Joer?

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.