ING Marathon

Den ING Night Marathon ass ee vun de gréisste Sporteventer am Land a verlaangt all Joer e groussen Asaz vu Police, CGDIS an aneren ëffentleche Servicer, fir d’Sécherheet vun de Leefer:innen, den Zuschauer an dem Verkéier ze garantéieren. Schonn an de parlamentaresche Froen n°6332 an n°789 gouf op déi personell a finanziell Ressourcen higewisen, déi fir esou privat gesponserte Manifestatioune vum Staat a vun de Gemenge mobiliséiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit vun der Police a vum CGDIS ware beim leschten ING Night Marathon am Asaz, a wéi vill Aarbechtsstonnen erginn sech heiraus?

  2. Wéi héich waren déi geschate Gesamtkäschte fir d’Police an de CGDIS am Kader vum leschten ING Night Marathon?

  3. Wéi vill vun dëse Käschte goufe vum Organisateur oder Sponsoren iwwerholl, a wéi héich war de finanzielle Bäitrag vum Staat respektiv vun de Gemengen?

  4. Wéi vill Profit hunn d’Organisateuren vum ING-Marathon 2026 gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4128

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt