Oppositiounspolitiker am Comité de prévention communal

Den Artikel 38 vum Policegesetz vum 18te Juli 2018 gesäit vir, datt Gemengeconseilleren am “Comité de prévention communal” kënne bedeelegt ginn.  An enger Circulaire vum 25ten Abrëll 2025 huet den Inneministère d’Wichtegkeet vun dëse Comitéë fir d’ëffentlech Sécherheet ënnerstrach. Dobäi gëtt betount, datt dës Comitéen eng partizipativ a konstruktiv Zesummenaarbecht tëscht Gemengen a Police solle garantéieren. Dëst ass am Sënn vun enger breeder demokratescher Bedeelegung. Verschidde Gemengen, wéi Suessem, sinn an deem Kontext positiv ervirzehiewen, well hei souguer Oppositiounspolitiker am Comité sëtzen. Aner Gemengen, dorënner zum Beispill Péiteng, maachen dëst net. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. A wéi enge Gemengen, wou nom Proporzsystem gewielt gëtt, sinn och Gemengeconseilleren aus Oppositiounsparteien am Comité de prévention vertrueden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4121

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt