NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3894 huet d’Ministesch uginn, datt 2025 insgesamt 58.821 Persounen als Coassuré bei der CNS verséchert waren, déi nach
Wéi aus verschiddene Jobbeschreiwunge bei den CFL ervirgeet, schéngt et aktuell eng Erausfuerderung ze sinn, fir genuch qualifizéiert Personal ze fannen, dat och iwwer
Fir Persoune virun der Aarmut ze schützen, existéiert zu Lëtzebuerg ee Sozialsystem mam REVIS. Fir de REVIS kënnen ze kréien, muss eng Persoun verschidde
Iwwerdeems gëtt beriicht, datt d’USA keng Tomahawk-Rakéiten an och keng „Deep Precision Strike“-Waffesystemer (DPS) an Däitschland stationéiere wäerten. Déi aktuell europäesch Systemer, wéi Taurus,
Am Kontext vun der Pressefräiheet spillt de Schutz vu journalistesche Quellen eng zentral Roll. Journaliste mussen drop vertraue kënnen, datt hir Kommunikatiounen (Messagen, E-Mails,
D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen
D’Gemenge sinn zoustänneg fir d’Begriefnisser an den Ënnerhalt vun de Kierfechter. Normalerweis ass et esou, dass d’Leit an der Gemeng begruewe ginn, wou se
Den 23. Juli 2025 huet eng grouss Pann am POST-Netz zu enger nationaler Krisesituatioun gefouert. Fir ongeféier véier Stonne waren all Telekommunikatiounsservicer vu POST
Den 23. Juli 2025 huet eng grouss Pann am POST-Netz zu enger nationaler Krisesituatioun gefouert. Fir ongeféier véier Stonne waren all Telekommunikatiounsservicer vu POST