Besteierung vum REVIS

No Informatiounen aus dem Rapport vum Ombudsman vun 2025, ginn et Fäll, wou d’Beneficiairen vum REVIS net doriwwer informéiert sinn, dass de REVIS – a Kombinatioun mat aneren Akommessen – besteiert gëtt. Vill betraffe Persounen géifen dacks eréischt spéider feststellen, datt si steierflichteg sinn. An eenzele Fäll huet dëst dozou geféiert, datt d’Persounen iwwert Joer zeréck retroaktiv besteiert goufen an duerno mat héije Steiernozuelungen konfrontéiert goufen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill REVIS-Beneficiairen hunn an de leschte fënnef Joer retroaktiv Steieren missten nobezuelen am Zesummenhang mam REVIS?

  2. Wéi gëtt aktuell garantéiert, datt Beneficiairen vum REVIS kloer an verständlech iwwert d’Besteierung vum REVIS informéiert ginn?

  3. Wéi wäert de Staat REVIS-Empfänger ënnerstëtzen, fir Steier-Iwwerraschungen duerch retroaktiv Besteierung ze verhënneren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4071

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt