Communiqué Cyberattack

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi resistent gestalten an den Dateschutz
stäerken.


D’Piraten huelen déi rezent Cyberattack bei der Post ganz eescht. Et mussen elo déi richteg Froe gestallt, éierlech an transparent Äntwerte geliwwert, an een sech de Konsequenze vun eiser Fragilitéit bewosst ginn.


Et ass inakzeptabel, dass en Noutservice wéi den 112 vun der Internetverbindung vun der POST ofhänkt an doduerch zum Deel einfach zum Ausfall bruecht ka ginn. Et kann net sinn, dass mir d’Fragilitéit vun eise Systemer an engem Noutfall einfach hinhuelen, oder wéi et e Responsaablen vun der Cybersécherheet bei der Arméi an engem Interview formuléiert : „Alles, was programmier- und
konfigurierbar ist, kann angegriffen werden”. Mir sinn d’Accord mat dëser Ausso, mir sinn awer net d’Accord mat der Aart a Weis wéi mir eis dësem Constat scheinbar einfach ausliwweren a keng fonctionnéierend Noutfallpläng ageriicht ginn.


Wéi kann et zum Beispill sinn, dass mir am Fall vun engem Ausfall vun de Kontaktméiglechkeeten vum 112 zu Lëtzebuerg net op nationalem Niveau mat engem Wiessel vum Operateur séier reagéiere kënnen? Aner Länner hunn hei well laang eng Obligatioun vum « nationale Roaming » agefouert.


Wéi kann et sinn, dass eenzel Gemengen hei besser virbereet si wéi anerer ? Anescht formuléiert: Wéi kënne mir a Kaf huelen dass wa bei der POST eppes schif geet, mir einfach soen dass beim 112 näischt
méi geet ?


D’Regierung verkeeft eist Land no baussen als Pionéier an der Kommunikatioun, mee an der digitaler Transformatioun an och an der Cybersécherheet, si mir extrem vulnerabel opgestallt an hunn am Noutfall net déi néideg Reaktivitéit an eise Systemer. Dat passt net beieneen!

Dat ass näischt Neies! Mir Piraten warne säit Jore kontinuéierlech virun den Onsécherheete vun eisen Telekommunikatiounsservicer. Schonns am Dezember 2018 hu mir an enger parlamentarescher Fro virun dem Asaz vu chineesesche Fabrikanten am Kär vun eise Servicer gewarnt. Als Äntwert hunn déi deemoleg Ministere fir Kommunikatioun (Xavier Bettel), fir d’Wirtschaft (Etienne Schneider) a fir bannenzeg Sécherheet (François Bausch) behaapt, dass d’Post kee Material vun engem chineesesche Fabrikant am Kär vum Festnetz notzt. Zousätzlech hunn se de Piraten matgedeelt, dass no hiren
Informatiounen, och kee vun deenen dräi mobillen Operateuren e Kärnetzwierk vun engem chineesesche Fournisseur benotzt.


No de leschten Informatiounen zu der rezenter Cyberattack an engem confirméierten Asaz vu Material vun der chineesescher Entreprise Huawei huet sech déi Positioun scheinbar kloer geännert a
Sécherheetsbedenke sinn ignoréiert ginn.


Wann et eng Partei gëtt, déi zu Lëtzebuerg reegelméisseg am Kader vun der Cybersécherheet Alarm schléit, da sinn et d’Piraten. Sief et iwwer parlamentaresch Froen, Motiounen, eis Aarbecht an de
Kommissiounen oder och an Debaten an der Chamber oder soss ëffentlechen Interventiounen, d’Piraten weise säit hirer Grënnung op eis Fragilitéit hin.


Esou hunn mir d’Regierung schonns iwwer d’Risike vun der Kommunikatioun tëscht Ministeren op Whatsapp oder aneren net gesécherte Messengerdéngschter opmierksam gemaach, viru Ransomware-Attacke gewarnt, oder och déi schlëmm Konsequenze vun engem Asaz vun Outile wéi Pegasus mat Nodrock higewisen. Och rezent nach hu mir an der Chamber géint den Iwwerwachungsprojet an der Mobilitéit (8251) gestëmmt, deen immens vill sensibel (an net anonymiséiert) Donnéeën vun all Bierger
sammelt, a gläichzäiteg mat a Kaf hëlt, dass dës Usammlung un Informatiounen enger méiglecher Cyberattack ausgesat ass.


D’Regierung huet och e weidere Projet agereecht, wou et dorëms geet méi Trojaner anzesetzen, de Bierger deementspriechend och nach méi iwwerwaachen ze kënnen an eis Informatiounen domat och alle méigleche Risiken no baussen auszesetzen. Och hei wäerte mir mat alle Mëttelen géint eng Masseniwwerwaachung virgoen.


Et ass elo d’Zäit komm fir den Kritiken vun de Piraten nozelauschteren, eis Warnungen eecht ze huelen an dat ganzt Netz am Land méi sécher ze gestalten. Wat muss geschéie fir dass mir eis eiser Fragilitéit op ganz villen Niveaue bewosst ginn ? Mir weisen eis oppe fir Diskussioune mat den Autoritéiten an hoffen dass eise Suergen an Zukunft méi Gehéier geschenkt gëtt.

Zesummenhang posts

Den Doud vun engem Zuchführer a Rheinland-Pfalz no engem gewalttätegen Ugrëff am Kader vun enger Ticketkontroll huet d’Fro vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport
Viru Kuerzem gouf de Streckeverlaf vun der Linn 7 vum TICE geännert an d’Buslinn fiert elo net méi laanscht de Centre hospitalier Emile Mayrisch