NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

Verschidden Zeitungen hunn iwwert ee Fall vun Homophobie beriicht, deen sech dëst Joer um Pride Festival zougedroen huet. Hei gouf ee Kënschtler, deen op
An Däitschland ginn aktuell Fäll gemellt, wou ëffentlech Luetstatioune futti gemaach goufen. Ënnert Anerem goufen op d’Schnellluetstatiounen d’Luedekabelen ofgeschnidden a geklaut. An deem Zesummenhang
L’essentiel informéiert an engem Artikel vun haut iwwert eng Sécherheetslück bei Microsoft. Betraff ass d’Software Sharepoint an et goufe vereenzelt Hackerattacken op staatlech Serveren
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zënter 2 Joren ass ee Schantjen um Viadukt Mënsbech op der A1. Den Informatiounen op cita.lu no, soll
D’lescht Joer gouf et een tragesche Fall, bei deem een Hausdéier duerch ee Feeler vun enger Baufirma  gestuerwen ass. D’Baufirma, déi aktuell ee grousse
An der Äntwert op meng Froen, schreiwen d’Regierungsmemberen, dass si vun de Virdeeler vun den Elektroautoen iwwerzeegt sinn (QP n°2459). Et fält awer op,
An engem aktuelle Fall zu Déifferdeng ermëttelt d’Justiz géint den aktuelle Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng an ee Promoteur, deen och President vum FC
Aus dem Verkéiersrapport vun 2024 vum Mobilitéitsministère geet ervir, dass et 2024 manner Verkéiersdoudeg gouf. Et ass awer eng Tendenz z’erkennen, dass et méi
Am Walgesetz (Artikel 131) ass festgehalen, dass Familljememberen bis zum zweete Grad net dierfen zesummen als Deputéierten an der Chamber sëtzen. Mee, wéi ee
An eisem Gesondheetssystem kënnt et ëmmer nees zu Rupture bei der Versuergung mat verschiddene Medikamenter. Fir verschidde Medikamenter, grad am Kader vu raren oder
A verschiddene Servicer vun der Douane, wéi zum Beispill um Flughafen, mussen d’Beamt:innen Schichte schaffen. Dozou gehéieren deementspriechend natierlech och Nuetsschichten dozou. An deene
De perséinlechen Auto ass a bleift immens wichteg hei am Land am Beräich vun der Mobilitéit. Nieft dem klassesche Verbrenner ginn ëmmer méi Elektroautoen