NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

De 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies hunn d^Piraten ee Landeskongress ofgehalen. Um Programm waren: Satzungsännerungsvirschlag deposéiert vum Marc Goergen de 27/11/2024: D’Zesummefaassung
De Sven Clement schreiwt an engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25te Mäerz 2022 iwwert d’Viruerteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi mer
Ahoi! Den alljärlechen Landeskongress vun eiser Partei steet un! Mir invitéieren all Member häerzlech dorun deel ze huelen a matzestëmmen. Wéini: 8te Februar 2020,
D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@web.piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre
  Am vergangenen Freitag fand der globale Klimastreik statt, welcher auch in Luxemburg zum berechtigten Erfolg wurde. Eine Vielzahl an Mitgliedern und Kandidaten der
Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt
Den ING Night Marathon ass ee vun de gréisste Sporteventer am Land a verlaangt all Joer e groussen Asaz vu Police, CGDIS an aneren
D’Schwammcoursen an de Primärschoule gi vun den eenzelne Gemengen hei am Land ënnerschiddlech organiséiert. An de Primärschoule ginn et ënnerschiddlech Reegelen a Praktiken, wat
Ee rezenten Artikel vum 14te Mee 2026 op Heise.de informéiert iwwert potenziell Schwachstellen an der IT-Sécherheet vun ëffentleche Luetstatiounen fir Elektroautoen. Den Artikel verweist
Wéi ee WORT-Artikel vum 13te Mee beriicht, hunn onbekannt Täter um Schëff „De klénge Prënz“ zu Réimech muttwëlleg Schied verursaacht an Deeler vum Inventaire
Den Ëmweltminister hat op virëg parlamentaresch Froen (dorënner n°2578) bestätegt, datt invasiv Déierenaarten zu Lëtzebuerg dout gemaach ginn (Fro n°2578).   Leit, déi ee
Den Ausseminister huet op d’Fro n°4019 bestätegt, dass ee Lëtzebuerger Staatsbierger souwéi Lëtzebuerger Residenten, déi op der Missioun Global Sumud Flotilla deelgeholl hunn, op
No Informatiounen aus dem Rapport vum Ombudsman vun 2025, ginn et Fäll, wou d’Beneficiairen vum REVIS net doriwwer informéiert sinn, dass de REVIS –