Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413
Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268
Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520
Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220
Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501
Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243
Deprecated: Using ${var} in strings is deprecated, use {$var} instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/forms/submissions/database/query.php on line 103
Deprecated: trim(): Passing null to parameter #1 ($string) of type string is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/custom-css/module.php on line 76
Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124
D’Piraten fuerderen en Ofschafe vun de Steierklassen an domat eng Besteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus.
Kannerbetreiung
D’Piraten fuerderen d’Ausbezuele vun engem bore Chèque-Service d’Accueil, esou dass jidderee fräi entscheede kann, ob en seng Kanner an eng Struktur wëll ginn oder léiwer selwer bei senge Kanner doheem bleiwe wëll.
Sécherheet
D’Piraten fuerderen eng méi staark physesch Policepresenz op eise Stroossen an ëffentleche Plazen zesumme mat Street Workeren a sozialen Déngschter. Dat ass déi beschte Léisung, fir d’Sécherheetsgefill hei am Land z’erhéijen.
Oppen & digital Wirtschaft
D’Pirate fuerderen eng Vereinfachung vu Firmegrënnungen an en nohaltege Wirtschaftswuesstem, dee vun Recherche, Innovatioun an Digitalisatioun gedriwwe gëtt.
Séieren Accès am Gesondheetsberäich fir jidderen
D’Piraten fuerderen eng méi grouss Offer u Maisons médicalen, méi Informatioun zu deem wat ugebuede gëtt a méi laang Ëffnungszäiten, fir och wierklech d’Urgencen an de Spideeler kënnen z’entlaaschten.
Ëmweltfrëndlecht Verhale belounen
D’Piraten fuerderen dat all Persoun all Mount eng Direkthëllef (Klimabonus) ausbezuelt kritt an als Ausgläich d’CO2-Steier op verschiddene ëmweltschiedlechen Produkter ugepasst gëtt.
Fir jiddereen en Daach iwwert dem Kapp
D’Piraten fuerderen dat ëffentlech Wunnenge fir 10€ de Quadratmeter pro Mount sollen verlount ginn an iwwert d’Formel vum Mietkauf och e méiglechen Accès zur Proprietéit gebuede gëtt.
Dir sollt dierfe matschwätzen
D’Piraten fuerderen eng reell Biergerbedeelegung, wou mir ëffentleche Petitioune méi Gewiicht ginn, en participative Budget an en nationalen Biergerrot aféieren.
Dignitéit am 3ten Alter
D’Piraten fuerdere en universellen Zougang zu Zëmmeren an Alters- a Fleegeheemer, onofhängeg vun der finanzieller Situatioun vun de betraffene Leit.
De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei, huet e Geriichtsprozess géint de Gesondheetsministère gewonnen. D’Verwaltungsgeriicht huet entscheet, datt hien d’Recht...
D’EU-Kommissioun lancéiert zesumme mat der europäescher Investitiounsbank EIB eng Wunnengsbauoffensiv vun 10 Milliarden Euro iwwert zwee Joer, mat deem de...
D’Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter, ee verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen an.
Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen.
Grondleeënde Prinzipp ass d’Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d’Zukunft vun der Partei an der Politik mat ze bestëmmen.
Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d’Piraten och fir d’Recht op sozial Participatioun, fir d’Chancegläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawengemeinschaften an.
Zënter Joren setzen sech d’Piraten och fir ee besseren Déiereschutz an, deen der Wierd vun all Liewewiesen gerecht gëtt.
Den Erhalt vun enger gesonder Natur a Liewenswelt geet fir eis Hand an Hand mat engem progressiven Déiereschutz, an deem de Mënsch an Harmonie zesumme mat senger Ëmwelt lieft.