Wunnengsbau mat der europäescher Investitiounsbank

D’EU-Kommissioun lancéiert zesumme mat der europäescher Investitiounsbank EIB eng Wunnengsbauoffensiv vun 10 Milliarden Euro iwwert zwee Joer, mat deem de Wunnengsbau an der EU ugekuerbelt soll ginn. D’Zil ass et, fir annerhallef Milliounen zousätzlech Wunnengen ze bauen.  Duerch d’EU-Gelder vun 10 Milliarde gëtt ugeholl, dass nach eng Kéier zousätzlech 35 Milliarden u Privatgelder fir Wunnprojete kéinte liberéiert ginn.
Lëtzebuerg huet bekannterweis och eng Wunnengskris a vill Leit zu Lëtzebuerg sichen eng Wunneng. Eist Land brauch Wunnengen, fir d’Wirtschaft an d’sozial Kohäsioun z’erhalen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi wäert déi lëtzebuergesch Regierung sech un der EU-Wunnengsbauoffensiv bedeelegen?

  2. Wéi eng Projete goufen an der Vergaangenheet hei zu Lëtzebuerg am Wunnengsbau mat EU-Gelder realiséiert?

  3. Wéi eng Projeten sinn aktuell hei zu Lëtzebuerg a Planung oder a Realiséierung Wunnengsbau mat EU-Gelder?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2088

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt