Matdeelung Saisie

D’Parteileedung wëll am Numm vun der Piratepartei matdeelen, dass et eng weider Saisie op eise Konte ginn ass an der Héicht vun 42926,29 Euro. Insgesamt, ass domat vum europäesche Parquet bis elo eng Saisie vun 67203,79 Euro ordonéiert ginn.

D’Partei hëlt am Dossier MALT seng Verantwortung a wor nach ëmmer zu Kooperatioun an och Transparenz bereet.  

An eisen Ae wäert d’Saisie mat der sougenannter Schold beim Office national de l’accueil (ONA) verrechent ginn. Aus dësem Grond sinn dës Suen och esou an eisem Budget als Tranchë fir déi nächst Joren virgesinn. 

D’Partei bleift politesch handlungsfäeg, ass awer natierlech a finanzieller Hisiicht an enger schwiereger Situatioun.

Déi aktuell Parteileedung mat senge responsabele Persoune versicht mat Nodrock d’Affaire opzeklären a wäert  den Autoritéiten och weiderhi fir all Informatioun transparent zur Verfügung stoen. 

Parteileedung vun der Piratepartei

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt