Urteel zu de  COVID-19 Impfstoffverträg

De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei, huet e Geriichtsprozess géint de Gesondheetsministère gewonnen. D’Verwaltungsgeriicht huet entscheet, datt hien d’Recht huet, en Abléck an d’Kafverträg fir COVID-19-Impfstoffer ze kréien, déi d’Regierung wärend der Pandemie ënnerschriwwen huet. De Ministère hat dës Dokumenter zeréckgehalen a behaapt, si wiere geheim. 

Mat grousser Satisfaktioun begréisse mir d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht. D’Geriicht huet entscheet, datt d’Deputéiert d’Recht hunn, en Abléck an d’Kafverträg fir d’COVID-19 Impfstoffer ze kréien, déi d’Regierung wärend der Pandemie ënnerschriwwen huet. 

Dëst Urteel ass net nëmmen eng perséinlech Victoire, mee virun allem eng Stäerkung fir eis parlamentaresch Demokratie. D’Geriicht confirméiert kloer, datt d’Recht vun den Deputéierten op Informatiounen sech direkt aus hirem Mandat als gewielte Volleksvertrieder ofleet an direkt op der Verfassung baséiert, déi Lëtzebuerg als parlamentaresch Demokratie definéiert.

Nodeems de Gesondheetsministère initial behaapt hat, datt Lëtzebuerg keng eege Kafverträg mat COVID-19-Impfstoffhiersteller ofgeschloss hätt, huet sech erausgestallt, datt de Lëtzebuerger Staat awer esou Verträg ënnerschriwwen huet. D’Regierung huet dunn argumentéiert, datt d’Deputéierten dës Dokumenter wéinst angebleche Geheimhaltungsklauselen net dierfte gesinn. Kontrakter tëscht der Regierung a privaten Entreprisen, déi iwwert méi Jore lafe, mussen duerch d’Chamber an domat per Gesetz gutt geheescht ginn, fir sécher ze stellen, dass d’Kontrakter konform mat der Lëtzebuerger Verfassung sinn.

Dëst Urteel baut op dem sougenannten “Arrêt Clement” op, dee viru 4 Joer am Kontext vun de Verträg mat der RTL Group d’Kontrollrechter vum Parlament gestäerkt an zu wichtegen Ännerunge vum Chambersreglement an der Lëtzebuerger Verfassung gefouert huet. D’Riichter hunn dëst Kéier ënnerstrach, datt et sech ëm e Grondssazurteel handelt, dat respektéiert muss ginn.

Et ass inakzeptabel, datt d’Regierung weiderhi versicht, dem Parlament wichteg Dokumenter virzeenthalen an duerch dës Blockad zéngdausende vun Euro u Steiergelder fir Geriichtsprozesser verschwent ginn. Als gewielte Volleksvertrieder ass et eis Flicht, d’Regierung ze kontrolléieren an transparent Informatiounen iwwer staatlech Ausgaben ze kréien. 

D’Regierung huet elo nach d’Méiglechkeet, géint dëst Urteel an Appell ze goen, wat dann awer beweise géif, wéi si wierklech zu Transparenz a Kontroll duerch d’Parlament stinn. 

Transparenz ass kee Luxus, mee eng Grondviraussetzung fir eng funktionéierend Demokratie, a genee dofir wäert ech mech weiderhin asetzen.

Zesummenhang posts

Ännerungen an der US-Steiergesetzgebung (Sektioun 174) hunn amerikanesch Tech-Entreprisë forcéiert, hir R&D- a Software-Entwécklungskäschten iwwer 5 Joer ze amortiséieren amplaz se direkt ofzesetzen. Dëst
Wéi aus engem rezenten Artikel vun der Luxembourg Times ervir geet, wäert de neie lokale Bezuelfeature “Wero” net esou séier fir Lëtzebuerger Clientë verfügbar