Communiqué: d’Piraten stinn zum TICE

D’Tageblatt huet haut an engem Artikel dat bestätegt, woufir mir Piraten zënter Jore warnen:
Den ëffentleche Bussyndikat TICE gëtt lues a lues ofgebaut. De Syndicat mixte mam Staat ass de nächste Schrëtt zu engem Ofbau vum TICE. An der Chamber sti mir weiderhin zu eiser Fuerderung, dass een dem TICE mindestens esou vill Budget, zu de selwechte Konditiounen, zougesteet wéi den CFL-Buslinnen. An de kommende Woche wäerte mir Piraten souwuel an der Chamber wéi an de betraffene Gemengeréit Käl/Téiteng, Suessem a Péiteng weider fir den Erhalt vum TICE kämpfen.

D’Tageblatt huet haut an engem Artikel dat bestätegt, woufir mir Piraten an och d’Gewerkschaften zënter
Jore gewarnt hunn: Den ëffentleche Bussyndikat TICE gëtt lues a lues ofgebaut.


Iwwert déi lescht Joren hu mir Piraten an eis an der Chamber konsequent fir den Erhalt vun engem effikassen ëffentlechen Transport agesat. Am Süde vum Land muss dat a Form muss TICE sinn an dat hu mir a ville Chamberssitzungen a Gemengeréit ëmmer erëm widderholl an a gefuerdert!


Eis Fuerderungen a Motioune goufen awer an der Vergaangenheet ëmmer erëm mat de Stëmme vun de politesche Majoritéiten ofgeleent, ob liberal, gréng, konservativ oder sozialistesch.

”Mir Piraten maachen eis grouss Suergen ëm d’Aarbechtsplaze beim TICE souwéi ëm d’Zukunft vum ëffentlechen Transport am Süden.”
esou den Deputéierte Marc Goergen.

Den TICE brauch ee neie Budget, dat stëmmt. Dës Situatioun kënnt awer net vum TICE selwer, mee ass eng Konsequenz vun enger Entscheedung vun der fréierer Regierung, déi virgesäit, zum Stéchdatum 2030 déi ganz Busflott op Elektrobusser ëmzestellen. Dës Entscheedung huet bewosst dozou gefouert, datt TICE-Linne lues a lues u privat Acteure wéi den RGTR ofgi ginn.

Och ënnert der neier Ministesch hu mir Piraten rezent an der Chamber eng Motioun agereecht, fir d’Busser esou laang fueren ze loossen, wéi se technesch an der Rei sinn, a se lues a lues, an net op ee Schlag, duerch Elektrobusser z’ersetzen.

De Syndicat mixte mam Staat ass de nächste Schrëtt zu engem Ofbau vum TICE. An de Gemengeréit goufe keng Diskussioun gefouert, fir de TICE ze ofzebauen. Dëst weist e kloert Demokratiedefizit, well esou wichteg Entscheedungen hanner zouenen Dieren an den ierwechten Etagë vum Ministère geholl goufen.


Doriwwer eraus huet d’politesch Oppositioun a bal kenger Gemeng d’Méiglechkeet, fir ee Vertrieder aus dem Gemengerot an den TICE-Comité ze schécken a soumadder fir Transparenz ze suergen. D’Plaze
beim TICE ginn ënner de Majoritéitsparteien opgedeelt.


Am Péitenger Gemengerot hat d’LSAP schonn ugedeit, datt eenzel Linnen, déi d’Gemeng Péiteng betreffen, an Zukunft u privat Firmen an domat un den RGTR ofgi solle ginn. D’Piraten hunn sech direkt
dogéint positionéiert a wäerten sech weiderhi fir e staarken TICE asetzen. Aktuell gëtt den TICE vun engem LSAP-President gefouert.


An der Chamber sti mir weiderhin zu eiser Fuerderung, déi leider och majoritär ofgeleent ginn ass, dass een dem TICE mindestens esou vill Budget an zu de selwechte Konditiounen zougesteet, wéi den CFLBuslinnen. An de kommende Woche wäerte mir Piraten souwuel an der Chamber wéi an de betraffene Gemengeréit Käl/Téiteng, Suessem a Péiteng weider fir den Erhalt vum TICE kämpfen.


An der Chamber hu mir schonn eng Mobilitéitskommissioun ugefrot a wäerten an de nächsten Deeg eng Ofstëmmung froen, fir dat Schlëmmst ze verhënneren – een Ofbau vum TICE.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene