gerecht
Léisunge
fir d'Useldéng

Matenee fir eng Stad fir jiddereen

Mir sinn iwwerzeegt, datt mir all zesummen vill gutt Iddie fir Useldéng hunn. 

Mir wëlle mat Iech zesummen Bestoendes kritesch hannerfroen a verbesseren a nei Iddien a Konzepter ëmsetzen.

D‘Pirate stinn fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz an der Politik… och a grad an Eiser Gemeng ! Jidderee soll kënne matentscheede wéi, wéi vill a wou Useldeng wuesse sollt, wéi eng Infrastrukture mir brauchen a wou soss nach de Schong dréckt. 

Eise Gemengeconseiller

Foto vum Starsky FLOR - Kandidat fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN zu Useldéng

Starsky FLOR

Agent CFL

Ahoi dir léif Matbierger. Fir déi di mech nach net kennen ech sinn de Starsky Flor a wunnen an der schéiner Useldenger Gemeng.
 
Als Gewerkschaftler a Conseiller hunn ech Erfarunge gesammelt a weess och wat et heescht matzebestëmmen a matzegestalten. Déi flott Erfarunge wéilt ech hei och gären deelen. Als 41 Jore jonke Papp vu 4 Kanner (3 Prinzessinnen a 1 Prënz) a bestuet weess ech dass Famill wichteg ass an eiser Gesellschaft.
 
Ech sinn e Mënsch mat engem Häerz fir d’Gemeng an hir Awunner. Ech si bereet op déi nei Challenge, déi virun eis stinn an hoffen, dass Dir mir eng Chance gitt, fir zesumme fir d’Gemeng ze schaffen. Ech setze mech fir Leit  an, well et mir wichteg ass, dass kee vergiess soll ginn. Moto fueren, Vëlofueren a Spadséier goe gehéieren zu menge léifste Fräizäitaktivitéiten. Ech sinn der Meenung, dass et wichteg ass, d’Liewensqualitéit vum Bierger ze verbesseren, a besonnesch déi vun deenen, déi manner privilegiéiert oder manner Gléck hunn am Liewen. Mir ass et wichteg, den Zesummenhalt an der Gemeng ze stäerken an d’Vilfalt vum Veräinsliewen ze ënnerstëtzen. Et ass wichteg, zukunftsorientéiert a gerecht Léisungen ze fannen. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass wann et de Leit gutt geet, da geet et mir och gutt.
 

Eise Walprogramm

Kontakt

Aktuelles

De 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies hunn d^Piraten ee Landeskongress ofgehalen. Um Programm waren: Satzungsännerungsvirschlag deposéiert vum Marc Goergen de 27/11/2024: D’Zesummefaassung
De Sven Clement schreiwt an engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25te Mäerz 2022 iwwert d’Viruerteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi mer
Ahoi! Den alljärlechen Landeskongress vun eiser Partei steet un! Mir invitéieren all Member häerzlech dorun deel ze huelen a matzestëmmen. Wéini: 8te Februar 2020,
D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@web.piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre
  Am vergangenen Freitag fand der globale Klimastreik statt, welcher auch in Luxemburg zum berechtigten Erfolg wurde. Eine Vielzahl an Mitgliedern und Kandidaten der
Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene
Tëscht Klengbetten a Stengefort baut de Staat d’Vëlospist PC12, déi Deel vum nationale Vëlo-Streckennetz ass. Op dëser Plaz leien nach d’Schinne vun der fréierer
Laut engem WORT-Artikel vum 6te Mäerz hänkt de geplangten Ëmbau an d’Moderniséierung vum Lëtzebuerger Fligermusée zu Munneref. De Veräin, deen de Musée bedreift, bemängelt
De Fonds Kirchberg ass een ëffentleche Fong, deen dem Ministère fir ëffentlech Bauten ënnersteet. De Fonds Kirchberg ass, esou wéi e selwer op senger
Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou am Joer 2022 an 2023 een Direkter vun engem Gemengesyndikat jeeweils 500 Stonne vu sengem Zäitspuerkont (Compte
Bei der ëffentlecher Sëtzung vum 29te Januar 2026 hat de Comité vum TICE en zousätzleche Kredit vun 300.000 € am allgemenge Budgetsposten « Honorairë
De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) gëtt zënter Joren mat héije Montante vu Steiergelder finanzéiert a soll och
Wéi een an den Zeitungen noliese konnt, gouf d’Filmproduktiounsfirma Paul Thiltges Distributions Sàrl vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg fir Faillite erkläert an ënnert ee Curateur gestallt.