ACCOUNT

Entsuergung vun Dokumenter bäi der Douane?

Eisen Informatiounen no kruten d’Mataarbechter vun der Douane den Uerder sämtlech Statistiken a Relevéë vun de Grenzkontrollen déi am Kader vun der Coronakris gemaach goufen, ze zerstéieren. Och all digital Fichieren op de Serveren, wéi E-Mailen, solle geläscht ginn. Am Fall wou dësen Uerder net befollegt gëtt, zitt dat offensichtlech eng disziplinaresch Suite mat sech.… Continue reading Entsuergung vun Dokumenter bäi der Douane?

Grenzkontrollen op lëtzebuergescher Säit net legal?

An engem rtl.lu–Artikel vum 16.05.2020 huet d‘Presidentin vun der Douanesgewerkschaft behaapt, dass Lëtzebuerg Grenzkontrollen net am Aklang mam Schengen-Accord duerchgefouert hätt ( „Lëtzebuerger Bedeelegung u Grenzkontrollen “net ganz legal”). D’Piraten hunn dofir eng Sëtzung mam zoustännege Minister an dem Direkter vun der Douane ugefrot, fir dës ze beschwätzen.