Eisen Informatiounen no kruten d’Mataarbechter vun der Douane den Uerder sämtlech Statistiken a Relevéë vun de Grenzkontrollen déi am Kader vun der Coronakris gemaach goufen, ze zerstéieren. Och all digital Fichieren op de Serveren, wéi E-Mailen, solle geläscht ginn. Am Fall wou dësen Uerder net befollegt gëtt, zitt dat offensichtlech eng disziplinaresch Suite mat sech. D’Fiche «Patrouillen» falen iwwerdeems, eisen Informatiounen no, net ënnert dësen Uerder.
A menger Question parlementaire n° 2148 hunn ech well eng Rei Froen un de Minister adresséiert, déi awer nach net beäntwert goufen, well d‘Urgence vun der Fro net unerkannt ginn ass. Fir folgend Froen ze beäntwerten, sinn d‘Äntwerten op d‘Fro n° 2148 awer néideg. D‘Piraten hunn am selwechte Kontext de responsabele Minister och well an d‘Kommissioun convoquéiert. Ech hunn biswell awer nach keng Kloerheet an dësem Dossier kritt.
Des Fro ass elo wéinst den zitéierten Entwécklungen nach méi dringend ginn, well hei potenziell Dokumenter, déi fir d‘Novollzéien vun der Legalitéit kéinten néideg sinn, zerstéiert kéinten ginn, respektiv Beamten sech, wéinst enger Entrave à la Justice, enger Poursuite aussetzen kéinten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Här Minister, kéint Dir an dësem Kontext och op all d‘Froen aus menger Question parlementaire n° 2148 äntweren?
-
Kann den Här Minister dësen Uerder confirméieren ?
-
Madamm Ministesch, stellt d’Suppriméieren vun dësen Donnéeën eng Entrave à la Justice duer ?
QP Nummer 2254