Privatambulanzen

Eis Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg si ronderëm d’Auer ënnerwee, fir Mënschen an Nout ze hëllefen. Dëse Service huet natierlech säi Präis, well vill Käschtepunkten hei zesummekommen: medezinescht geschoulte Personal, dat ronderëm d’Auer prett muss sinn, technesch usprochsvollt Material fir den Transport an d’Kommunikatioun z’assuréieren an ee Stock un iwwerliewenswichtege Medikamenter.  Déi Read more…

E-Santé – Kruten d’Patronen Infoen iwwert d’Krankheete vun hire Salariéeën?

Duerch de Confinement gouf am Kader vun de Sécherheetsmesure géint d’Covid-19-Pandemie d’Telemedezin staark ausgebaut. Op ee Coup huet d’CNS et méiglech gemaach, datt Patienten an d’Medezinner iwwer Telefon oder Video hier Consultatiounen konnten ofhalen. Assuréeën, déi wéint engem Krankheetsfall net konnte schaffe goen, kruten doduerch hire Certificat d’incapacité de Travail Read more…