Eis Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg si ronderëm d’Auer ënnerwee, fir Mënschen an Nout ze hëllefen. Dëse Service huet natierlech säi Präis, well vill Käschtepunkten hei zesummekommen: medezinescht geschoulte Personal, dat ronderëm d’Auer prett muss sinn, technesch usprochsvollt Material fir den Transport an d’Kommunikatioun z’assuréieren an ee Stock un iwwerliewenswichtege Medikamenter.
Déi zoustänneg Ministeren op d’parlamentaresch Fro n°1347 geäntwert, datt d’CNS keng Handhabung op d’Beträg huet, déi vun Transportfirmen a Rechnung gestalt ginn an och confirméiert, datt d’Qualitéitsnorme fir d’Transporten net gesetzlech verankert sinn.
Dëst féiert dozou, datt d’Taxisambulanzen hier Leeschtunge fir e puer honnerten Euro un d’Patiente weiderverrechnen an trotz dëser héijer Rechnung d’Sécherheet an d’Gesondheet vum Patient wärend dem Transport net garantéiert ass.
No den Aussoe vun de Ministere wär een awer (Stand November 2019) am Gaange sämtlech Dispositiounen iwwert de Krankentransport ze analyséieren an unzepassen. Änlech Zilsetzunge sinn am Koalitiounsaccord erauszeliesen, wou d’Regierung geschriwwen huet:
“Un cadre légal sera fixé afin de pouvoir garantir la prise en charge et le transport de malades ou de blessés en-dehors des situations d’urgence, dans des conditions optimales de confort, de sécurité et d’hygiène. Il sera veillé à conventionner le secteur des ambulances privées.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Den Aussoen aus dem Koalitiounsaccord ze urteelen, sinn déi zoustänneg Ministeren der Meenung, dass d’Patienten am Fall vun engem Transport an enger Ambulanz een Deel vun der Rechnung bezuele sollen oder net?
-
Wäerten d’Ministeren dofir suergen, datt d’Taxislizenz u strikt Sécherheets- a Gesondheetskonditioune gebonne gëtt? Falls jo, wat ass geplangt?
-
Kënnen d’Patienten nach an dëser Legislaturperiod domadder rechnen, dass Ännerunge bei den Tariffer an der Qualitéit vum Transport a Kraaft trieden?
QP Nummer 2728