E-Santé – Kruten d’Patronen Infoen iwwert d’Krankheete vun hire Salariéeën?

Duerch de Confinement gouf am Kader vun de Sécherheetsmesure géint d’Covid-19-Pandemie d’Telemedezin staark ausgebaut. Op ee Coup huet d’CNS et méiglech gemaach, datt Patienten an d’Medezinner iwwer Telefon oder Video hier Consultatiounen konnten ofhalen. Assuréeën, déi wéint engem Krankheetsfall net konnte schaffe goen, kruten doduerch hire Certificat d’incapacité de Travail direkt iwwert een automatesche Mail vun der Plattform eSanté zougeschéckt. 

Direkt e puer Persounen hu mech drop opmierksam gemaach, datt am PDF-Unhang am Mail och de “Code Diagnostic” vum Certificat ze gesi war an am Mail kee weideren Exemplar ugehaange war, wou de Code Diagnostic fir de Patron onsiichtbar war. De Secret médical tëscht Patient an Doktor ass an dësem Fall net respektéiert, well de Patron mam Code Diagnostic kann erausfannen, wéi eng Krankheet säin Employé huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministere confirméieren, datt de Code Diagnostic bei deenen automatesch erstalltenen Dokumenter ëmmer um PDF ze gesi war? 

  2. Ass oder war fir d’Ministeren dës Praxis konform mam Secret médical?

  3. Gouf dës Faille behuewen a falls jo, wéini?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2488

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen