Wunnengspräisser via Algorithmus definéieren

A Washington DC kënnt et laut Medieberichter zu enger Geriichtsaffär géint grouss Wunnengsbesetzer a géint eng Firma. D’Firma soll Software verkaaft hunn, mat där een als Besëtzer konnt via Algorithmus gewuer ginn, wéi vill Loyer ee fir seng Wunneng oder säin Haus ka froen. Doduerch koum et anscheinend zu Präisofsproochen, déi elo gekläert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dem Logementsministère bekannt, ob et och zu Lëtzebuerg Firmen oder Apps ginn, déi Servicer zur Präissbestëmmung vu Wunnengen ubidden?
    Wa jo, wéi eng sinn dat a wéi ginn dës kontrolléiert, fir Präisofsproochen an d’kënschtlecht Eropdreiwe vu Präisser ze verhënneren?

  2. Wéi géif de Ministère reagéieren, wann esou Softwaren zu Lëtzebuerg géif optrieden? Wat fir eng Roll kéint hei zum Beispill eng Autorité de la concurrence spillen?

  3. Wéi den Observatoire de l’habitat an de LISER viru kuerzem geschriwwen an enger Nott nach eng Kéier erkläert hunn, gëtt et zu Lëtzebuerg eng staark Konzentratioun vu Bauland. Wéi de Fall an Amerika wéisst, sinn esou Algorithmen virun allem intressant op enger méi begrenzter Fläch, wou d’geografesch Krittären änlech bléiwen (hei zu Lëtzebuerg wier dat zum Beispill d’Proximitéit zur Stad).
    “Les 1 000 personnes physiques avec le plus de foncier résidentiel détiennent entre 1 135 et 1 288 hectares (selon la méthode utilisée), soit plus de 40% du foncier détenu par l’ensemble des personnes physiques. Les 10 groupes de sociétés aux surfaces constructibles pour l’habitat les plus étendues concentrent 391,3 hectares, soit près de la moitié (47,9%) de tout ce que détiennent les 1 140 sociétés avec du foncier résidentiel.”

    Dofir wier et an deem Kontext wichteg ze wësse, wéi sech d’Konzentratioun vu Bauland op lokalem Gemengenniveau presentéiert. Huet de Ministère hei Zuelen dozou?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 21

Zesummenhang posts

De 17ten Abrëll huet de Minister fir Wunnengsbau den Deputéierten an der Logementskommissioun Informatiounen geliwwert zum Kaf vu private Wunnprojeten duerch de Staat (VEFA-Projeten).
Zu Lëtzebuerg gëllt am Strosseverkéiert eng Gurtpflicht. Wien mam Auto ënnerwee ass, muss sech ustrécken. Och a Linnen- a Reesbussen gëtt et eng Obligatioun
Eis gouf vu betraffene Persounen zougedroen, dass si op engem Trajet am Adapto keng Wallissen oder hiert Hausdéier dierfte mathuelen. Dëst wier fir Trajeten