Sécherheetsgurter a Schoulbussen

Zu Lëtzebuerg gëllt am Strosseverkéiert eng Gurtpflicht. Wien mam Auto ënnerwee ass, muss sech ustrécken. Och a Linnen- a Reesbussen gëtt et eng Obligatioun fir sech unzestrecken op Sëtzplazen, déi mat engem Gurt equipéiert sinn. Am Fall vun engem Accident kann de Gurt verhënneren, dass en:g Passagéier:in sech oder anerer schwéier verletzt, an dofir ass en ee wichtegt Sécherheetselement. Trotzdeem ass zu Lëtzebuerg nach net all Bus mat Sécherheetsgurten equipéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Regierung bekannt, wéi vill Busser, déi fir den ëffentlechen Transport agesat ginn, net mat Sécherheetsgurten equipéiert sinn (an absolutten Zuelen an a Prozent)? 

  2. Ass der Regierung bekannt, wéi vill Busser, déi spezifesch fir den Transport scolaire agesat ginn, net mat Sécherheetsgurten equipéiert sinn (an absolutten Zuelen an a Prozent)?  

  3. Gëtt drop opgepasst, dass Busser, déi mat Sécherheetsgurten equipéiert sinn, prioritär fir de Schoultransport agesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 720

Zesummenhang posts

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ).
Lëtzebuerg war déi lescht Joren ëmmer erëm op den UN-Klimakonferenzen (COP) dobäi. D’Konferenz dëst Joer wäert zu Baku stattfannen. D’Haaptthema vun dëser Konferenz wäert
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen,eng dovunner ass d’FAL. Dëst sot rezent RTL géintiwwer, dass een am Moment bei enger Waardelëscht