De 17ten Abrëll huet de Minister fir Wunnengsbau den Deputéierten an der Logementskommissioun Informatiounen geliwwert zum Kaf vu private Wunnprojeten duerch de Staat (VEFA-Projeten). Well et sech hei ëm Investitiounen a Milliounenhéicht handelt, hat de Marc Goergen an där Sitzung gefrot, ob de Minister eis kéint méi Detailer zu den Immobilieprojeten ginn, déi de Staat hei akeeft. Den 29ten Abrëll huet de Wunnengsbauministère der Logementskommissioun eng Oplëschtung mat all den Immobilieprojeten geschéckt, déi de Ministère anaylséiert huet (Synthèse Vente en Etat futur d’Achèvement CAL29).
Heiraus geet ervir, dass 90 Wunnunitéiten fir 55 Milliounen vun der Firma Tracol ofkaf goufen zu Déifferdeng an um Kierchbierg. Dat wier een Duerchschnëttspräis vun 611.111€ pro Wunneng. 71 weider Wunnunitéiten sinn reservéiert fir ee Präis vu ronn 32 Milliounen Euro, dat wier een Duerchschnëttspräis vun 450.000€ pro Wunneng.
Dës Informatiounen eleng soen allerdéngs net vill iwwert d’Wunnprojeten aus. Dofir hunn d’Piraten méi Detailer gefrot, fir déi Wunnengen, wou de Kafakt schonn ënnerschriwwen ass.