Eis gouf vu betraffene Persounen zougedroen, dass si op engem Trajet am Adapto keng Wallissen oder hiert Hausdéier dierfte mathuelen. Dëst wier fir Trajeten am Kader vum Adapto net virgesinn an deementspriechend missten d’Leit da fir esou Trajeten op normal Taxien zréckgräifen. Dat géif bedéiten, datt Betraffener net mam Adapto kéinnte op de Flughafe gefouert ginn a missten dofir ee regulären Taxi huelen. Vill regulär Taxisentreprisë géifen op Ufro vu Betraffenen awer soen, dass si net genuch Plaz hätte fir ee Rollstull an eng Wallis matzehuelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Ministesch bestätegen, dass am Kader vun engem Trajet mam Adapto keng Hausdéieren oder Wallissen dierfe matgeholl ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn heivir?
-
Wa jo, ass geplangt, dëst ze änneren an et esou ze erméiglechen, dass och bei Trajete mam Adapto dierfen Hausdéieren oder Wallissen matgeholl ginn?
-
Wéi vill accessibel Taxie ginn et hei am Land, déi grouss genuch sinn, fir souwuel ee Rollstull wéi och Wallissen mathuelen ze kënnen?
QP Nummer 718