Vëlosummer 2022

Fir de Vëlosummer 2022 maachen, ënnert anerem, d’CFL op hirem Site Werbung dofir, dass een de Vëlo problemlos am Zuch ka mathuelen. Extra Zich ginn u verschidde Weekender agesat an den Transport vu Vëloen an E-Bikes ass – wéi och fir d’Passagéier – gratis. Um Site www.velosummer.lu gëtt erkläert, dass d’Vëloen an speziellen Zuchwaggonen oder Bussen transportéiert musse ginn. D’CFL huet awer am klénggedréckten Text stoen, dass d’Plaz fir de Vëlo am Zuch zesumme mat de Poussetten a Rollstill gedeelt gëtt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister garantéieren, dass zu all Zäitpunkt genuch Plaze fir Vëloen, Rollstill a Poussetten an den Zich souwéi an de Busser do sinn? 

  2. Wou ass festgehalen, wéi vill Vëloe maximal dierfen am Zuch an am Bus dierfe matgeholl ginn?

  3. Am Fall wou een Zuch oder Bus maximal ausgelaascht ass, wéi eng Passagéier kréien d’Prioritéit? Muss ee Passagéier, deen am Zuch/Bus ass, dësen da verloossen?

  4. Sinn all d’Zich a Busser equipéiert fir Vëloen, Elektrovëloen, Rollstill a Poussettë matzehuelen? Falls nee, wéi vill Fuermaterial kann dat net a wéi eng Linne sinn heivunner betraff sinn?

  5. Verschidde Persoune fuere jo och mat engem Elektrovëlo, dee mat enger Batterie equipéiert ass.  Wat fir Sécherheetsvirkéierungen hunn d’CFL virgesinn, am Fall wou een E-Bike am Zuch géif ufänke mat brennen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6511

Bildquell (Ausschnëtt): https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2022/07-juillet/04-bausch-velosummer/6-annoncevelosummer-hr.pdf

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene