Retroaktivitéit vu Krankeschäiner am Gemengesektor

Am Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 21 octobre 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux ass festgehalen, dass fir Gemengebeamt:innen de Krankeschäin  nëmmen ab dem Dag vu senger Ausstellung gëllt („date de délivrance“).  Eng retroaktiv Unerkennung ass domadder ausgeschloss, och wann den Dokter medezinesch ka feststellen, datt d’Aarbechtsonfäegkeet schonn an de viregten Deeg bestanen huet.  Domadder gëtt de Gemengebeamten ënnerschiddlech behandelt, ewéi zum Beispill ee Salarié am normalen Aarbechtsrecht, wou d’Retroaktivitéit vum Krankeschäin gereegelt ass. Och fir Staatsbeamten  ass keng Bestëmmung virgesinn, déi d’Wierkung vun engem medezinesche Certificat strikt op den Dag vun der Ausstellung limitéiert. An der Praxis gëtt sech un de Reegelen a Prinzippie vun der CNS orientéiert, déi eng limitéiert retroaktiv Feststellung erlaabt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass dës Differenz an der Behandlung tëscht Gemengebeamten an anere Statuten d’Prinzip vun der Gläichbehandlung an der Verhältnisméissegkeet respektéiert?

  2. Firwat gi Gemengebeamten heibäi ënnerschiddlech zu Leit aus anere Statute behandelt?

  3. Wéi ass et juristesch ze rechtfäerdegen, dass d’Gemengebeamten hire Krankeschäin net retroaktiv kënnen unerkenne loossen, wann d’Aarbechtsonfäegkeet vun engem Dokter fir déi viregt Deeg medezinesch zertifizéiert gouf an d’Méiglechkeet am CNS-Regime souwéi beim Staat oder den CFL existéiert an applizéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3623

Zesummenhang posts

Am Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 21 octobre 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux ass festgehalen, dass
D’Mietgesetz gesäit zënter 2024 vir, datt am Fall vun enger Locatioun duerch een Agent immobilier oder engem anere Mëttelsmann d’Kommissioun tëscht Proprietaire a Locataire
Lëtzebuerg hëlt vum 9te Mee bis den 22ten November op enger Konschtausstellung zu Venedeg deel, wou eist Land ee Projet presentéiert mam prägnanten Titel