Ëmgoë vun de Kommissiounen fir Immosagencen

D’Mietgesetz gesäit zënter 2024 vir, datt am Fall vun enger Locatioun duerch een Agent immobilier oder engem anere Mëttelsmann d’Kommissioun tëscht Proprietaire a Locataire jee zur Hallschent gedeelt ginn. A rezenten Online-Annoncen ass ze gesinn, datt d’Agencen elo iwwert de Wee vun „Membership fees“, „administrative fees“ oder aneren eemolege Pauschalen pro Openthalt oder pro Kontrakt probéieren, fir iwwert dëse Wee dës Obligatioun z’ëmgoen, andeems een d’Kommissioun net beim Numm nennt, mee einfach aneschters verpaakt, fir esou d’Kommissiounskäschten vun der Vermëttlung eenzeg dem Locataire zouzeschousteren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung sech bewosst, datt am Beräich vun der Wunnengsvermëttlung, dës „Memberships“ oder „Service fee“ bezeechent Käschten erhuewe ginn?

  2. Sinn dës Käschten am Kader vum Mietgesetz als Kommissiounen/Vermëttlungsgebühren ze bewäerten? Falls jo, wéi eng Krittäre mussen dofir erfëllt sinn?

  3. Goufen et schonns virun der Ännerung vum Mietgesetz 2024 an der Opspléckung vun de Loyerskommissiounen esou Gebühren?

  4. Wéi sollen sech potenziell Locatairen uleeën, wann si mengen, dass si Agencen iwwert dëse Wee probéieren, fir d’Kommissiounskäschten op si ofzewälzen? U wéi eng Verwaltunge kënnen si sech hei wenden?

  5. Mat wéi enge Strofe mussen Agencen a Proprietairen rechnen, wann d’Kommissiounskäschten net opgedeelt ginn, esou wéi d’Gesetz et virgesäit?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3606

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene