“La Merde” – Konschtausstellung zu Venedeg

Lëtzebuerg hëlt vum 9te Mee bis den 22ten November op enger Konschtausstellung zu Venedeg deel, wou eist Land ee Projet presentéiert mam prägnanten Titel “La Merde”. Ee WORT-Artikel vum 27te Januar beschreift d’Konzept vun dësem Projet am Detail. De Projet gëtt vum Kulturministère ënnerstëtzt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Sue bezilt de Kulturministère fir dës Expositioun?

  2. Wat fir Reeskäschten sinn am Kader vum dësem Projet virgesinn?

  3. Wéi eng staatlech Delegatiounen wäerten op Venedeg reesen a wäert de Kulturminister och selwer dohi reesen?

  4. Wäerten d’Reesen mam Fliger gemaach ginn oder setzt de Ministère hei op den Zuch a Bus?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3625

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene