Retroaktivitéit vu Krankeschäiner am Gemengesektor

Am Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 21 octobre 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux ass festgehalen, dass fir Gemengebeamt:innen de Krankeschäin  nëmmen ab dem Dag vu senger Ausstellung gëllt („date de délivrance“).
Eng retroaktiv Unerkennung ass domadder ausgeschloss, och wann den Dokter medezinesch ka feststellen, datt d’Aarbechtsonfäegkeet schonn an de viregten Deeg bestanen huet.
Domadder gëtt de Gemengebeamten ënnerschiddlech behandelt, ewéi zum Beispill ee Salarié am normalen Aarbechtsrecht, wou d’Retroaktivitéit vum Krankeschäin gereegelt ass. Och fir Staatsbeamten  ass keng Bestëmmung virgesinn, déi d’Wierkung vun engem medezinesche Certificat strikt op den Dag vun der Ausstellung limitéiert. An der Praxis gëtt sech un de Reegelen a Prinzippie vun der CNS orientéiert, déi eng limitéiert retroaktiv Feststellung erlaabt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass dës Differenz an der Behandlung tëscht Gemengebeamten an anere Statuten d’Prinzip vun der Gläichbehandlung an der Verhältnisméissegkeet respektéiert?

  2. Firwat gi Gemengebeamten heibäi ënnerschiddlech zu Leit aus anere Statute behandelt?

  3. Wéi ass et juristesch ze rechtfäerdegen, dass d’Gemengebeamten hire Krankeschäin net retroaktiv kënnen unerkenne loossen, wann d’Aarbechtsonfäegkeet vun engem Dokter fir déi viregt Deeg medezinesch zertifizéiert gouf an d’Méiglechkeet am CNS-Regime souwéi beim Staat oder den CFL existéiert an applizéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3623

Nofro

CHD

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir den Interieur, Aarbecht & Ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng vireg parlamentaresch Fro n°3623 huet de Minister Erklärungen zur Retroaktivitéit vun de Krankeschäiner fir d’Gemengebeamt:innen geliwwert. Et gëtt op d’Reegel agaangen, dass de Krankeschäin ab dem véierten Dag muss virgeluecht ginn:

D’Situatioun vun engem Beamten, dee méi ewéi 3 Deeg hannereneen aus gesondheetleche Grënn net ka schaffen, ass vum Prinzip hir fir Staats a Gemengebeamten d’selwecht gereegelt. Fir déi éischt dräi Deeg ass kee certificat médical néideg. Vum véierten Dag un muss den Agent allerdéngs esou e Certificat virleeën. D’Gesetz gesäit vir, dass den Agent spéitstens um véierte Krankheetsdag bei en Dokter geet, deen, wann et ubruecht ass, e Krankeschäin ausstellt. […]

Den Artikel 16 vum ëmgeännerte Congésreglement vun de Gemengebeamte vum 21. Oktober 1987 gesäit vir, datt de Krankeschäin vun deem Dag un valabel ass, wou e vum Dokter ausgestallt ginn ass. De Gemengebeamte brauch réischt vum véierten Dag un ee Krankeschäin vum Dokter.”

An den Äntwerten op meng parlamentaresch Fro n°2262 an 2275 aus dem Joer 2020 haten déi deemoleg Ministeren, dass ee Salarié virun enger Kënnegung geschützt ass, och wann en deen Dag selwer keen Zertifikat konnt virleeën. (Dëst war am Kader vun der Covid-Pandemie an dem Congé pour raisons familiales).

Den Zertifikat ass de Beweis an d’Begrënnung vun der Absence a kéinten nodréiglech nogereecht ginn, wann den Employé senger Flicht nokomm ass, de Patron iwwert seng Absence z’informéieren.

Dofir stellt sech nach eng Präzisiounsfro betreffend der Retroaktivitéit vum Ausstellungsdatum vum Krankeschäin (“Date de délivrance”), op déi d’Ministeren an hirer virëger Äntwert net agaange sinn. Heizou dat folgend Beispill:

Eng Persoun huet e Krankeschäin vu Méindes bis Mëttwoch. Donneschdes fillt si sech nach ëmmer krank, mee si kënnt deen Dag net direkt bei den Dokter. Si kënnt erréischt Freides bei den Dokter. Den Dokter stellt dann ee Krankeschäin aus (Date de délivrance = Freideg) an attestéiert medezinesch, datt d’Aarbechtsunfäegkeet schonn Méindes bestanen huet, a schreift de Krankeschäin also retroaktiv fir Donneschdeg a Freideg. 

  1. Wéi gëtt déi uewe beschriwwe Situatioun beim Staat a bei de Gemenge behandelt? 
  2. Gëllt de Krankeschäin fir d’Gemengen- souwéi Staatsbeamten ab der Date de délivrance oder ab deem Datum, wou d’Persoun medezinesch vum Dokter fir aarbechtsonfäheg erkläert gëtt? 
  3. Gëtt ee Krankeschäin, deen, wéi am uewe genanntene Beispill, retroaktiv ausgestallt gouf am normalen Aarbechtsrecht als Beweis vun der Absence unerkannt?
  4. Gëtt ee Krankeschäin, deen, wéi am uewe genanntene Beispill, retroaktiv ausgestallt gouf am Gemengesektor als Beweis vun der Absence unerkannt?

QP n°3758

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene