Lëtzebuerg hëlt vum 9te Mee bis den 22ten November op enger Konschtausstellung zu Venedeg deel, wou eist Land ee Projet presentéiert mam prägnanten Titel “La Merde”. Ee WORT-Artikel vum 27te Januar beschreift d’Konzept vun dësem Projet am Detail. De Projet gëtt vum Kulturministère ënnerstëtzt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Sue bezilt de Kulturministère fir dës Expositioun?
-
Wat fir Reeskäschten sinn am Kader vum dësem Projet virgesinn?
-
Wéi eng staatlech Delegatiounen wäerten op Venedeg reesen a wäert de Kulturminister och selwer dohi reesen?
-
Wäerten d’Reesen mam Fliger gemaach ginn oder setzt de Ministère hei op den Zuch a Bus?
QP Nummer 3625