FRO.LU: Waardezäiten an den Ateliers protégés

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an Ateliers protégés eng Plaz fannen. Dës Plaze sinn allerdéngs limitéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit mam Statut Travailleur handicapé stoungen den 31. Dezember 2022 op enger Waardelëscht fir eng Schaff an engem Atelier protégé ze kréien? 

  2. Wéi laang muss den Travailleur handicapé am Duerchschnëtt waarden, vu der Aschreiwung op d´Lëscht bis zu dem Dag wou e kann ufänke mat schaffen? Wéi hunn dës Zuelen an deene leschte 5 Joer evaluéiert?

  3. No wéi enge Krittäre gëtt dee fir den Travailleur handicapé zoutreffensten Atelier protégé eraus gesicht? Wien decidéiert dat? 

  4. Kann de Gestionnaire vun engem Atelier protégé den Travailleur handicapé och ofleenen, also hien net astellen?
    Wa jo, no wéi enge Krittären? 

  5. Wéi wäit däerf d’Aarbechtsplaz vum Travailleur handicapé vu sengem Wunnsëtz ewech sinn? 

  6. Wien ass haftbar wann en Travailleur handicapé an engem Atelier protégé sech op der Aarbecht verletzt? 

  7. Zu wéi villen Aarbechtsaccidenter ass et an deene leschten 10 Joer an den Ateliere komm? 

Fro n°7544

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7544

Zesummenhang posts

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung festgehalen, fir de Benevolat steierlech z’entlaaschten, andeems den aktuelle Montant vun 5000€ am Joer, dee steierlech exoneréiert ass, no uewen
Den Transport vu Gefaangenen duerch d’Police ass eng deeglech Aufgab vun enger Spezialunitéit vun der Police, der UGAO. Schonn zënter der Gambia-Regierung froe souwuel
Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an