Den Transport vu Gefaangenen duerch d’Police ass eng deeglech Aufgab vun enger Spezialunitéit vun der Police, der UGAO. Schonn zënter der Gambia-Regierung froe souwuel d’Policegewerkschaft, wéi och d’Giischtercher, dass den Arrestantentransport soll vun de Giischtercher iwwerholl ginn, well domadder d’Policebeamte fir aner Missioune kéinten agesat ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Arrestantentransporter sinn an de leschten dräi Joren, opgelëscht pro Joer, duerch d’Police duerchgefouert ginn?
Wéi vill Policebeamten a wéi vill Aarbechtszäit ginn aktuell fir den Arrestantentransport agesat?
Wäert d’Regierung dru festhalen, datt den Arrestantentransport weider vun der Police duerchgefouert gëtt oder kënnt et des Legislatur nach zu enger Ännerung?
QP Nummer 3585