Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung festgehalen, fir de Benevolat steierlech z’entlaaschten, andeems den aktuelle Montant vun 5000€ am Joer, dee steierlech exoneréiert ass, no uewen ugepasst gëtt. An der Steierreform (Dossier n°8676) ass dozou awer näischt festgehale ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert d’Regierung nach ee separate Gesetzesprojet presentéieren, fir d’Erhéijung vum steierfräie Montant fir Indemnitéiten aus dem Benevolat z’erhéijen?
QP Nummer 3591