FRO.LU: Vereinfachung vun Accès zu medezineschem Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Patienten, déi medezinesche Cannabis brauchen, mussen perséinnlech an eng Kliniksapdikt goen, fir hire medezinesche Cannabis ze kréien. D’Rezepter fir den Cannabis ginn dann och, anescht wéi bei normalen Ordonnancen, iwwer Carnets à souche un d’Doktere verdeelt, déi si och mussen zréck schécken un Division de la pharmacie et des médicaments fir een neie Block ze kréien.

An der Äntwert op d’Fro 7876 hat déi deemoleg Ministesch erkläert:
“Laut dem Gesetz vum 19. Februar 1973 an sengem Artikel 30-1, dierfe Betäubungsmëttel nëmmen un Patienten verdeelt ginn, wann dës op engem Carnet à souches verschriwwe ginn sinn. Well de Cannabis ënnert d’Betäubungsmëttel fällt, ass de System mat dem Carnet à souches bäibehale ginn.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert déi nei Regierung hei Ännerunge virhuelen, fir den Accès zum medezinesche Cannabis fir d’Patienten, déi e verschriwwe kréien, ze vereinfachen? Wäerten Ännerungen um Gesetz vun 1973 virgeholl ginn?

Fro n°53

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 53

Zesummenhang posts

Am Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 21 octobre 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux ass festgehalen, dass
D’Mietgesetz gesäit zënter 2024 vir, datt am Fall vun enger Locatioun duerch een Agent immobilier oder engem anere Mëttelsmann d’Kommissioun tëscht Proprietaire a Locataire
Lëtzebuerg hëlt vum 9te Mee bis den 22ten November op enger Konschtausstellung zu Venedeg deel, wou eist Land ee Projet presentéiert mam prägnanten Titel