FRO.LU: Mam medezinesche Cannabis an d’Ausland

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Cannabis-Patienten, déi an d’europäiescht Ausland wëlle reesen, mussen déi hinne vum Dokter verschriwwe Quantitéit Cannabis bei sech féieren, wa si hiert d’Traitement weiderféiere wëllen. Demno wéi laang d’Reess ass, kënnt esou eng gewësse Mass zesummen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Dokumenter muss een am Viraus ufroen, fir dierfe säi medezinesche Cannabis mat an d’EU-Ausland ze huelen? Wou freet een dës un?

  2. Wéi eng Dokumenter muss een am Viraus ufroen, fir dierfe säi medezinesche Cannabis mat an Drëttlänner ze huelen? Wou freet een dës un?

  3. Wat muss ee beuechte beim Mathuele vum Cannabis?

  4. Wat ass déi beschten Ulafstell, un déi Concernéierter sech kënne wenden, ier se fort ginn?

Fro n°8320

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8320

Zesummenhang posts

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung festgehalen, fir de Benevolat steierlech z’entlaaschten, andeems den aktuelle Montant vun 5000€ am Joer, dee steierlech exoneréiert ass, no uewen
Den Transport vu Gefaangenen duerch d’Police ass eng deeglech Aufgab vun enger Spezialunitéit vun der Police, der UGAO. Schonn zënter der Gambia-Regierung froe souwuel
Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an