Daridorexant (Handelsnumm Quviviq)

Daridorexant (Handelsnumm Quviviq) stellt eng villverspriechend Alternativ zu konventionelle Schlofmëttelen duer, besonnesch fir Patienten, déi ënner chronescher Insomnie leiden oder eng laangfristeg Therapie brauchen. Seng spezifesch Wierkungsweis op d’Orexinsystem, déi manner grouss Stéierung vun der Schlofarchitektur an e reduzéierte Risiko fir Ofhängegkeet maachen et zu enger attraktiver Optioun an der moderner Schlofmedizin.
Daridorexant wierkt als dualen Orexin-Rezeptor-Antagonist (DORA), andeems et selektiv d’Wach-Signaler am Gehier blockéiert, amplaz wéi vill aner Schlofmëttel als allgemengt Berouegungsmëttel ze wierken. Doduerch besteet kee Risiko fir Ofhängegkeet, wéi et bei Benzodiazepinen a Z-Substanzen (z. B. Zolpidem) de Fall ass. D’natierlech Schlofstruktur (Déifschlof, REM-Schlof) bleift gréisstendeels erhale, wat zu erhuelsamem Schlof féiert.

Daridorexant gouf vun der Europäescher Arzneimëttel-Agence (EMA) am Abrëll 2022 fir déi ganz Europäesch Unioun zougelooss, ass awer nach ëmmer net zu Lëtzebuerg verfügbar.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Daridorexant geschwënn och zu Lëtzebuerg verschriwwen dierfe ginn? Wa jo, wéini wäert dat de Fall sinn? Wa nee, firwat net?

  2. Wat sinn d’Grënn dofir, dass dëst neit Medikament, dat bedeitend gesondheetlech Virdeeler am Verglach zu Benzodiazepinen a Z-Substanzen huet, bis elo nach net an de lëtzebuergesche Gesondheetssystem integréiert gouf?

  3. Kann d’Ministesch e Medikament aus der Liste positive des médicaments nennen, dat fir eng onbegrenzten Dauer ka geholl ginn, ouni iergendee Ofhängegkeetsrisiko?

  4. Wéi vill Prescriptioune gouf et vun 2020 bis 2025 fir Benzodiazepinen a Z-Substanzen? Kann de Ministère méi prezis Informatiounen zu de Patiente liwweren, déi dës Medikamenter an deem Zäitraum verschriwwe krut hunn?

  5. Ginn et allgemeng Donnéeë wéi laang Benzodiazepinen a Z-Substanzen hier Ufankswierkung behalen an no wéi enger Zäitspann si beim reegelméissegen Anhuelen hir Wierkung verléieren, bzw, Dosis muss erhéicht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2335

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch