FRO.LU: Gebrauch vun den Amtssproochen an de Verwaltungen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des langues encadréiert. Den Artikel 4 vum Gesetz gesäit vir: “Lorsqu’une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l’administration doit se servir, dans la mesure du possible, pour sa réponse de la langue choisie par le requérant.” An der Praxis ass d’Situatioun awer net ëmmer kohärent: Verschidde Verwaltunge schreiwen zimmlech konsequent an där Sprooch zeréck, an där e Bierger si kontaktéiert huet. Aner Verwaltungen oder Gemenge kommunizéieren dogéint oft op Franséisch, och wann d’Demande vum Bierger explizit op Däitsch oder op Lëtzebuergesch gemaach gouf. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Moossnamen existéieren, fir datt all Verwaltungen – Ministèren, Gemengen oder sos ëffentlech Verwaltungen – de Bierger:innen an der Sprooch vun hirer Wiel äntweren? Aneschters: Wéi gëtt séchergestallt, dass den Artikel 4 vum uewe genannte Gesetz respektéiert gëtt?

  2. Firwat kommunizéiert een Deel vun de Ministèrë systematesch op Franséisch, och wann d’Bierger explizit op Däitsch oder op Lëtzebuergesch kommunizéieren oder eng Sproochepräferenz uginn hunn?

  3. Ass virgesinn, datt Bierger op myguichet.lu eng Sproochepräferenz kënnen uginn, déi dann zentral fir all Verwaltunge gëllt? 

Fro n°3304

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3304

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten