Promotiounsexamen bei der CFL

Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an hirer Karriär op der Bunn den Enddéngschtgrad erreechen. Dëse meritokratesche Mechanismus ass wichteg, fir d’Motivatioun beim Personal héichzehalen an d’Efforten an d’Leeschtung vun den CFL-Mataarbechter:innen unzeerkennen. Et ass, wéi beim Staat a bei de Gemengen, een Engagement vum CFL-Agent, fir ee Promotiounsexamen ze maachen an dofir eppes ze leeschten. Et ass awer och am Sënn vum Patron, dass d’Leit hiert Bescht ginn an dofir motivéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit hunn, opgeschlësselt pro Joer, Direktioun a Karriär, tëschent 2022 an 2025 hire Promotiounsexamen op der CFL geschriwwen? Wéi vill dovunner hunn e gepackt?

  2. Wéi vill Kandidat:innen goufen, opgeschlësselt pro Joer, Direktioun a Carrière, tëschent 2022 an 2025 net zum Promotiounsexamen zougelooss?  Wat waren d’Grënn, dass net all Kandidat fir de Promotiounsexamen zougelooss gouf?

  3. No wéi enge Krittäre ginn d’Promotiounsexamen ausgeschriwwen an no wéi engem Krittäre gi Kandidat:innen zougelooss oder refuséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3316

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene