Verweis op den Ombudsman an de Bréiwer

Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch Méiglechkeeten opklären. D’Leit hunn d’Méiglechkeet, entweder geriichtlech géint d’Entscheedung vun der Gemeng virzegoen oder den Ombudsman anzeschalten, fir hinnen ze hëllefen.  (Indication des voies de droit dans les décisions administratives refusant de faire droit à la demande de l’intéressé ou révoquant ou modifiant d’office une décision ayant créé ou reconnu des droits). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann den Inneminister bestätegen, dass all d’Gemengen an hire Bréiwer op den Ombudsman opmierksam maachen, esou wéi d’Circulaire et virschreift?  Falls nee, wéi vill Gemenge maachen et net a firwat net?

  2. Ass et och an de Bréiwer bei de staatleche Verwaltungen esou, dass all Verwaltung an hire Bréiwer op den Ombudsman opmierksam mécht, esou wéi d’Circulaire et virgëtt?  Kann d’Regierung ausschléissen, dass verschidde Verwaltungen dëst net maachen a falls jo, wéi eng sinn dat a firwat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3305

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten