ACCOUNT

Suivi vun den Dossiere vu Kanner an engem Placement – Nofro

Office filing cabinets with open drawer background. Document data archive storage and business administration concept. 3d illustration

An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen zwee Jugendgeriichter an enger Institutioun placéiert waren.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill vun dëse Kanner sinn an Institutiounen am Ausland placéiert an ëm wéi… Continue reading Suivi vun den Dossiere vu Kanner an engem Placement – Nofro

FRO.LU: Net Opklärung vu Laboratoireskäschten

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall hätt de Labo laut Artikel 12 vun der Konventioun tëscht der Fédération luxembourgeoise des Laboratoires d’analyses médicales an der CNS d’Flicht, fir de Patient iwwert d’zousätzlech Käschten z’informéieren. An deem Zesummenhang… Continue reading FRO.LU: Net Opklärung vu Laboratoireskäschten

FRO.LU: Staatlech Ënnerstëtzung vum Sport fir Leit mat Handicap

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Am Aktivitéitsrapport vum Sportsministère vun 2021 ass ze liesen, a wéi engem Montant de Staat déi verschidde Sportorganisatiounen a -Federatiounen 2021 ënnerstëtzt huet. Hei komme verschidden Organisatioune besser ewech ewéi anerer.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wat fir finanziell Hëllefen si fir Sportsevenementer 2023,… Continue reading FRO.LU: Staatlech Ënnerstëtzung vum Sport fir Leit mat Handicap

Ausbau vu Foyeren

Peaceful schoolboy napping on sleeping place under blue blanket while keeping his head on yellow pillow against group of refugees

De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher wéisst kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng vun de Recommandatioune vum Okaju ass eng méi individuell Betreiung “droits de l’enfant by design” vun de Kanner an de Flüchtlingsstrukturen. Ufanks Januar gouf bekannt, dass am Gebai T um Kierchbierg… Continue reading Ausbau vu Foyeren

Vaccinen déi zerstéiert gi sinn är se geliwwert konnte ginn

An der Äntwert op d’Fro Nummer 7434 huet d’Gesondheetsministesch erkläert, dass säit Ufank vun der Impfcampagne 155’660 Impfdosissen zerstéiert gi sinn, well de Verfallsdatum iwwerschratt war. Si seet och, dass 129’600 Impfdosisse vun Astra Zeneca, déi fir Lëtzebuerg geduecht waren, direkt beim Fournisseur zerstéiert gi wieren. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe… Continue reading Vaccinen déi zerstéiert gi sinn är se geliwwert konnte ginn

Denkmalschutz: Classement vu Gebaier

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande de Classement fir ee Gebai un de Minister schécken.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Kann d’Ministesch eng Kéier rappelléieren, wat déi eenzel Schrëtt an der Classements-Prozedur… Continue reading Denkmalschutz: Classement vu Gebaier

Energiekonzern RWE

De Moment gëtt an de Medie vill iwwert Lützerath geschwat. Den Energiekonzern RWE baut schonn zënter Joren direkt nieft Lützerath Kuel of. Fir d’Kapazitéite vum Kuelenofbau z’erweideren, soll Uertschaft zu Lützerath elo wechgerappt ginn. D’Leit goufen dowéinst mëttlerweil alleguer ëmgesidelt. Well den Ofbau vu Kuel als klimaschiedlech gëllt, hate Klimaaktivisten d’Duerf besat, fir op dës… Continue reading Energiekonzern RWE

psychiatreschen Rapport fir de Führerschäin

Joyful girl driving a training car with a drivers license card in her hands.

Mir gouf ee Fall zougedroen, wou eng Persoun d’Transkriptioun vun engem auslännesche Führerschäin an e Lëtzebuergesche Führerschäin ugefrot huet. An engem Bréif gouf déi betraffe Persoun opgefuerdert, fir innerhalb vu 4 Wochen ee rezente psychiatresche Rapport eranzeschécken, deen am Detail attestéiert, dass et bei der betraffener Persoun keng medezinesch Conter-Indicatiounen, fir d’Fuere vun engem motoriséierte… Continue reading psychiatreschen Rapport fir de Führerschäin

Déclaration sur l’honneur fir Aide bei de Pellets

Wooden pellets, euro banknotes and calculator. Ecologic heating. Top view.

Am Kader vun der Tripartite goufe finanziell Bäihëllefe fir Leit mat enger Pelletheizung gestëmmt, fir dësen Haushalter en vue vun de enorme Präissteigerungen ënnert d’Äerm ze gräifen. Dës Hëllefen ginn direkt um Präis vum Fournisseur verrechent. Fir dass de Fournisseur vun de Pellets dës Hëllefe kritt, muss de Client e Formular, eng Déclaration sur l’honneur,… Continue reading Déclaration sur l’honneur fir Aide bei de Pellets

Jugend-a Familljenhotel zu Rodange am Dhoil

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well een hei no vun engem Natura2000-Gebitt wäert eng gréisser Fläch versigelen, op Käschte vun der Natur. D’Leit vun de Biergerinitiativen Doihl a Kordall proposéieren zwee alternativ Terrainen, wou esou ee Projet… Continue reading Jugend-a Familljenhotel zu Rodange am Dhoil