Wéi eng Poste krut de Premier offréiert

De Premierminister gëtt no sengem Interview vum 15ten Oktober folgendermoossen um RTL zitéiert: “”De Xavier Bettel hätt op alle Fall nach Motivatioun an Energie, fir weider fir d’Bierger ze schaffen.… Continue reading Wéi eng Poste krut de Premier offréiert

Zieleren a Busser vum RGTR-Reseau

Den 18ten Oktober huet den Minister Bausch am Kader vun der Question élargie n°161 gesot, dass d’Passagéierzuelen vum RGTR-Reseau aktuell nees um Niveau vu virun der Covid-Pandemie sinn an schwätzt… Continue reading Zieleren a Busser vum RGTR-Reseau

Kennzechnung vum Fleesch

Lëtzebuerger Fleesch ass bekannt fir seng gutt Qualitéit a fir gutt Haltungskonditiounen. D’Regierung wëll d’Konsumenten zum Kaf vu lëtzebuerger Produiten animéieren. An der fräier Vente, zum Beispill beim Metzler, erkennt… Continue reading Kennzechnung vum Fleesch

Photovoltaik op Bauerenhäff

Photovoltaikanlagen sinn e wichtege Pilier vun der energetescher Transitioun. Vill Leit hunn eng kleng Anlag um Daach, mee virun allem grouss Diecher, wéi een se zum Beispill op Halen a… Continue reading Photovoltaik op Bauerenhäff

Schutz virun der Webcam op der Aarbecht

Wéi d’Plattform heise.de mellt, huet een hollänneschen Aarbechter viru Geriicht Schuedenersatz zougesprach kritt, well en onrechtméisseg entlooss gouf. Den Aarbechter hat sech geweigert, wärend dem ganzen Aarbechtsdag seng Webcam vum… Continue reading Schutz virun der Webcam op der Aarbecht

Publicitéit vu Bicher duerch Ministèren

Den 18ten Oktober huet am Cercle Cité een Evenement vum Mobilitéitsministère zum Thema “Eng aner Mobilitéit fir liewenswäert Stied” stattfonnt. Am Virfeld vun dësem Evenement gouf Reklamm fir d’Buch vun… Continue reading Publicitéit vu Bicher duerch Ministèren

Retour bei de CGDIS

Beim CGDIS gi Fräiwëlleger gesicht. Och ass et net onüblech, dass eng Persoun wéinst perséinleche Grënn eng Paus muss aleeën an awer spéiderhin erëm wëll aktiv ginn. An deem Zesummenhang… Continue reading Retour bei de CGDIS

Foussgängerluuchten

Den Gemengeconseiller François Benoy huet op Twitter e Video gepost, op dem eng Foussgängerluucht ze gesinn ass, déi grad mol e puer Sekonne fir Foussgänger gréng ass. Am Video gesäit… Continue reading Foussgängerluuchten

Fleeschskandal bei Lidl

Um SWR gouf driwwer bericht, dass bei Lidl an Däitschland Fleesch vun Hénger verkaaft gouf, dat vun Déiere staamt, déi an hirem Mastbetrib ënner grausame Konditioune gehale goufen. Et gëtt… Continue reading Fleeschskandal bei Lidl

Luetstatiounen a staatleche Gebaier

De Staat besëtzt aktuell ronn 1600 Gebaier a lount der 210, wéi d’Ministeren op meng parlamentaresch Fro n°6546 geäntwert haten. Och dës Gebaier mussen nach fir d’Energietransitioun prett gemaach ginn,… Continue reading Luetstatiounen a staatleche Gebaier