Publicitéit vu Bicher duerch Ministèren

Den 18ten Oktober huet am Cercle Cité een Evenement vum Mobilitéitsministère zum Thema “Eng aner Mobilitéit fir liewenswäert Stied” stattfonnt. Am Virfeld vun dësem Evenement gouf Reklamm fir d’Buch vun enger vun de Riednerinne via de Mobilitéitsministère gemaach. Et goufen eng Affiche a Social Media Posts vum Buch duerch de Ministère verbreet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère d’Affiche mam Titel “So geht Mobilität für alle” intern hiergestallt oder Externer fir dës Affiche bezuelt? Wa jo, wat war hei de Käschtepunkt?
  2. Wou gouf dës Affiche iwwerall vum Ministère publizéiert?
  3. Huet de Ministère Geld investéiert, fir dëst Buch per Social Media Ads ze pushen?
  4. Wat waren d’Krittären, no deenen entscheet gouf, fir dëst Buch ze fërderen?
  5. Gouf d’Autorin vum Buch vum Mobilitéitsministere fir d’Publicitéit vum Buch oder d’Participatioun um Evenement am Cercle Cité bezuelt?
  6. Kritt de Staat een Deel vun der Provisioun pro verkaaftent Buch?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7043

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten