Wéi eng Poste krut de Premier offréiert

De Premierminister gëtt no sengem Interview vum 15ten Oktober folgendermoossen um RTL zitéiert: “”De Xavier Bettel hätt op alle Fall nach Motivatioun an Energie, fir weider fir d’Bierger ze schaffen. Dofir hätt hien och schonn eng Rei Poste refuséiert, déi him offréiert gi wieren. An dëse Krisenzäite wier et a sengen Aen och net responsabel, einfach esou fort ze goen.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Poste krut de Premier an deene leschte 5 Joer offréiert?
  2. Mat wat fir enger Begrënnung huet de Premier dës Poste refuséiert?
  3. Krutt de Premier dës Poste aus perséinlech Grënn ugebueden oder goufen dës Poste dem Land Lëtzebuerg ugebueden?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7017

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen