Zockersteier

An der parlamentarescher Fro n°3235 vum August 2017 goufen eng Rei Froen zu der Zockersteier an anere Länner gestallt souwéi och zu enger méiglecher Aféierung vun esou enger Zockersteier hei zu Lëtzebuerg. An der deemoleger Äntwert huet et geheescht, dass et an 11 europäesche Länner schonn esou eng Steier gëtt an a véier weidere Länner zu dem Ablack doriwwer diskutéiert gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Leien dem Ministère offiziell Zuelen zum Konsum vun Zocker hei zu Lëtzebuerg vir? Wa jo, wéi ass de Konsum an der Moyenne pro Awunner a huet de Ministère Zuelen doriwwer, wéi vill Prozent vum Zocker vu Persounen ënner 18 Joer consomméiert ginn?

  2. Wa jo, wat fir eng Conclusiounen zitt d’Ministesch aus dëse Statistiken?

  3. An der Vergaangenheet gouf et och zu Lëtzebuerg scho Fuerderungen, fir entweder eng Zockersteier anzeféieren, respektiv de Verkaf vu staark zockerhaltegem Gedrénks (Limonad, Jusen, etc.) an de schoulesche Strukture ganz ze verbidden. Verschidde Gedrénks, wéi zum Beispill Cola, dierfen a verschiddene Gebaier schonn net méi verkaaf ginn. Jusen, déi zum Deel awer och en héijen Zockergehalt opweisen, dierfen awer nach ëmmer u Schüler:inne verkaaft ginn. 

    A wéi ville Schoulen a Lycéeën ginn hei am Land nach Softdrinks (Limonad, Jusen, etc.) verkaf?
    No wéi enge Krittäre gouf entscheet, wat fir Gedrénks nach dierf an de schoulesche Strukture verkaaf ginn a wéi eent net méi?

  4. Op wéi ee Montant schätzt de Staat d’Ausgabe vun der Krankekeess all Joers fir d’Behandlung vu Krankheeten, déi an direktem Zesummenhang mat ze héijem Zockerkonsum stinn, wéi zum Beispill Typ-2-Diabetes?

  5. Wéi huet d’Zuel vun de Länner, déi iwwert eng Zockersteier verfügen, zënter 2017 evoluéiert a wéi eng Resultater goufen an dëse Länner domat erreecht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 900

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene